2 Lëtzebuerger Arbitter stinn am Europacup um Terrain

De Georges Wolzfeld an de Marc Mouton stinn des Woch am Euro Cup beim Match Saint-Amand géint BC Winterthur um Terrain.

Niewent eisen 2 Arbitter ass den Alain Steffes als Offiziellen mat um Match dobäi.

Déi zwee Lëtzebuerger Arbitter si frou, fir aus dem Alldag bëssen erauszekommen an erëm Basket z’arbitréieren. Eng Hal fir sech fit ze halen brauchen d’Arbitteren och net, vun dohir ginn si fit an motivéiert an de Match.

Reportage RTL –> Reportage_Mouton_Wolzfeld

Par FLBB , le 14/12/2020 à 21:16