2 Siege in Portugal für die U16 Jungs

Op dësem verlängerten Paischt-Weekend hun d’Jongen vum Centre de Formation, CFBB-U16M, 3 Matcher gespillt géint verschidden Selektiounen aus Portugal.

 

 

Allen 3 Matcher waren spillerësch an physësch immens usprochsvoll.

 

Dovunner konnten dei 2 éischt Matcher gewonnen gin.

 

 

Och am drëtten Match hun d’roud Léiwen der portugiesecher Formatioun bis zur Halschend alles ofverlangt.

 

 

Nodems schon 1 Spiller wéint Féiwer net konnt oplafen, waren et am 3ten an 4ten Véirel net manner wéi 3 Spiller déi verletzungsbedingt nach hun missen mei kuerz trieden.

 

Nichtsdestotrotz hun d’Jongen ëm den Chris WULFF an Christian NITTLER laang spillerësch matgehal. Den Trainer-Staff huet all sengen Spiller eng Chance gin, géint déi kierperlëch iwerleen Portugiesen wichtëg Erfahrungen ze sammelen.

 

D’Resultat as zum Schluss méi héich ausgefall wéi d’Spiller sech et erhofft an virgehol haten.

 

 

Trotzdem sin d’Coaches zefridden mat der Leeschtung vun hieren Spiller. Ee Géigner den d’läscht Joer nach onerreschbar war, konnt dëst Joer erausgefuedert gin.

 

 

Den Exchange zu Lissabon war ee vollen Erfollëg. D’Spiller sin souwuel um Terrain wéi och ausserhalb vum Terrain méi no als Equipe zesummengewuess, an den Traineren huet dësen Stage ee gudden Abléck gin, wourunner bis zur EM an Albanien vum 14.07.2019 – 21.07.2019 nach muss geschafft gin.

 

 

Den nächsten Rendez-vous fir d’U16 Jongen as den Ireland-Exchange vum 28.06.2019- 30.06.2019 zu Nidderanven wou 3 Matcher um Programm stin géint eng Equipe aus Irland déi un der EM an der B-Division deelhëlt.

 

 

 

? Game 1

CFBB Lëtzebuerg – Paço Arcos U18M: 91-51

 

(15-16, 26-10, 19-15, 31-10)

 

 

?? Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

Pit Hansen 6, Lenny Jonsson Thorsteinsson 5 (1 Dreier), Max Logelin 16 (2 Dreier), Maxence Musy DNP, Sam Streef 8, Pietro Nicola Baustert 6, Nicolas Toussaint 0, Damien Thill 13 (3 Dreier), Alain Jacobs 2, Jonathan Diederich 14, Ivor Kuresevic 16 (2 Dreier), Louis Koerffer 5.

 

 

 

? Game 2

CFBB Lëtzebuerg – Portugal U15M: 79-74

 

(14-18, 21-19, 22-16, 22-21)

 

?? Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

Pit Hansen 5 (1 Dreier), Lenny Jonsson Thorsteinsson 3 (1 Dreier), Max Logelin 23 (6 Dreier), Maxence Musy (DNP/injured), Sam Streef 3, Pietro Nicola Baustert 6, Nicolas Toussaint (DNP/sick), Damien Thill 10 (2 Dreier), Alain Jacobs 0, Jonathan Diederich 11 (1 Dreier), Ivor Kuresevic 18 (1 Dreier), Louis Koerffer 0.

 

 

 

? Game 3

 

 

CFBB Lëtzebuerg – Portugal U16M: 63-92

 

(17-31, 24-11, 8-22, 14-28)

 

?? Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

Pit Hansen 6, Lenny Jonsson Thorsteinsson 2, Max Logelin 15 (4 Dreier), Maxence Musy 2, Sam Streef 4, Pietro Nicola Baustert 3 (1 Dreier), Nicolas Toussaint DNP/sick, Damien Thill 11 (1 Dreier), Alain Jacobs 1, Jonathan Diederich 14 (2 Dreier), Ivor Kuresevic 4, Louis Koerffer 1.

 

 

 

 

« 

Par FLBB , le 11/06/2019 à 00:03