3X3 LUXEMBOURG CHAMPIONSHIP 2018

Dëst Joer fënnt déi 4ten Editioun vun den 3×3 Luxembourg Championships den 7. Juli op de Place de l’Académie zu Esch/Belval statt.

Wei och déi lescht 3 Joer gëtt de Landesmeeschter am 3×3 an den ënnerschiddlechen Kategorien gesicht.

Bei den Umeldungen ënner 18 Joer, kënnen d’Ënnerschrëften och op der Platz nogereecht gin.

Motivéiert a Loscht op e flotte Basketball Dag? Umeldungen ginn bis spéitstens den 30. Juni 2018 ugeholl. Informatiounen iwwer d’Alterskategorien a weider Detailer fannt Dir um Umeldungsformular.

Par FLBB , le 17/05/2018 à 09:17