3×3 Luxembourg Championships 2017

Dëst Joer fënnt déi 3ten Editioun vun den 3×3 Luxembourg Championships den 8. Juli op de Place de l’Académie zu Esch/Belval statt.

Nodeems den Datum aus techneschen Grënn zweemol huet missten verluegt gin, as dann elo zesummen mat all Partner den definitiven Datum fond gin.

Wei och déi lescht 2 Joer gëtt de Landesmeeschter am 3×3 an den ënnerschiddlechen Kategorien gesicht.

Eng Neiegkeet gëtt et wat d’Kategorien ubelaangt. Bei den Erwuessenen gëtt et eng nei Kategorie “Open Mixtes” wou pro Mannschaft 2 Spillerinnen a 2 Spiller ugemellt musse sinn.

Bei den Umeldungen ënner 18 Joer, kënnen d’Ënnerschrëften och op der Platz nogereecht gin.

Umeldungen ginn bis spéitstens den 30. Juni 2017 ugeholl. Informatiounen iwwer d’Alterskategorien a weider Detailer fannt Dir um Umeldungsformular.

« 

Voir le PDF

Par FLBB , le 07/06/2017 à 08:29