8 U21-Spiller spille méi wéi 10 Minutten an der Total League

#9 Mihailo Andjelkovic (AB Contern) – #4 Philippe Arendt (Sparta Bertrange)

 

An der Total League bei den Hären dominéieren säit Joren déi nämmlecht Gesiichter. Jonk Spiller hunn et enorm schwéier fir sech hir Platz an Roll an enger Ekipp ze erkämpfen.

Dat sinn Aussoen, déi een am nationale Basket oft héiert. Kuckt een sech un, wei d’Spillzäit verdeelt ass, fält op, dass de Moment 8 Spiller déi 21 (oder manner) Joer al sinn, méi wéi 10 Minutten um Terrain stinn.

Kloer ass och, dass – virun allem an enke Mätcher – 80 Minutten vun insgesamt 200 quasi schon reservéiert sinn fir déi 2 Profispiller.

Direkt ze erwänen ass dobäi, dass schonn 3 vun deenen 8 U21-Spiller bei der Sparta Bartréng zum Asaz kommen. Den Philippe Arendt an de Mike Feipel stinn an der Starting 5 vun der Ekipp, den Yannick Verbeeln kennt vun der Bänk. Dee jonke Spiller mat der meeschter Asazzäit ass de Mihailo Andjelkovic vum AB Contern, hannendrun kommen den Ben Kovac (Basket Esch), Philippe Arendt (Sparta) an Mike Feipel (Sparta).

Och ze erwänen ass, dass 5 Ekippen aus der Total League keen U21-Spiller hunn, deen méi wéi 10 Minutten um Terrain steet.

 

Eng Iwwersiicht (Minutten an Klammeren)

Sparta Bartréng:

Mike Feipel (22′)

Philippe Arendt (23′)

Yannick Verbeelen (17′)

 

AB Contern:

Mihailo Andjelkovic (37′)

Nicolas Hittelet (12′)

 

Basket Esch:

Ben Kovac (22′)

 

Amicale Steesel:

Noah Medeot (12′)

 

Etzella:

Mathis Wolff (10′)

 

Keen U21-Spiller mat méi wéi 10 Minutten:

Racing, T71, Hiefenech, Arantia, Musel Pikes

Par FLBB , le 06/01/2020 à 23:55