Magaly Meynadier an Angels mat 2 Defaiten an der Coupe

Nodeems d’XCDYE Angels Nördlingen mat eiser Nationalspillerin Magaly Meynadier beim « Final Four » virun eegenem Publikum um Samschden eng 81:93-Defaite géint Wasserburg kasséiert hunn, stoung um Sonnden de Match em Platz 3 um Programm, deen um Enn mat 79:86 géint TKH Basketball verluer gangen ass. Domat schléisst Nördlingen de Coupe-Tournoi op der 4. Platz of.

Par FLBB , le 17/10/2020 à 23:24