Alex Laurent aus Éisträich: „Ech sin den eenzege neie Spiller an der Ekipp – d’Ziler sinn héich »

Fir den Alex Laurent huet e neien Challenge ugefang, erem eng Kéier an Éisträich, wou hien schonn lescht Saison aktiv war, allerdéngs bei Klosterneuburg, engem vun den Toppveräiner aus dem Land.

Den Alex ass elo säit e puer Deeg an Éisträich an d’Virbereedung leeft. „Ech sinn ganz léif empfange ginn, ech konnt mech direkt gutt aliewen, d’Géigend hei ass och wierklech schéin. Mir hunn 3 mol d’Woch Moies Athletiktraining an Shooting-Training, an Owes Teamtraining, wou mir relativ vill spillen fir dass jiddereen säin Rhythmus fanne kann », sou de Lëtzebuerger Nationalspiller.

Klosterneuburg ass en Toppveräin an deemno sinn d’Ziler kloer definéiert: „Mir hunn eng Ekipp mat erfuerene Spiller, déi wëssen wéi den Hues leeft. Dobäi kommen puer jonk Spiller, déi awer och schonn méi laang am Veräin aktiv sinn, ech sinn den eenzege neie Spiller an der Ekipp. D’zil vun der Saison wäert et sinn un déi erfollegräich lescht Saison opzebauen an dann och de Championstitel ze attackéieren. Fir mech perséinlech steet elo am Virdergrond meng Roll an der Ekipp ze fannen an ze hëllefen, dass mer nach besser ginn. »

Den éischte Match vun der Saison ass de 4. Oktober um Programm.

Par FLBB , le 10/09/2020 à 16:13