„Eng Saison mat Héichten an Déiften“

Beim Alex Laurent ass des Saison schonn eng grouss Ännerung komm: Vun Spuenien aus goung säi Wee weider an Éisträich. D’Ännerung koum fir de lëtzebuerger Nationalspiller ganz iwweraschend …

Wei ass d’Saison bis elo verlaaf? Wéi ass et zum Wiessel vu Spuenien an Éisträich komm?

D’Saison war bis elo eng ganz nei Erfarung fir mech, mat villen “ups and downs“. Spuenien huet mer gutt gefall an och den Basket war richteg gutt – Spuenien ass jo bekannt fir hiren Basket an deen huelen se sech och zu Häerz! Ech hunn den Basket vun enger neier Säit kenne geleiert, nach méi détaileiert, an déi Zäit wou ech do war och vill kennen léieren. All Dag 2 mol Training mat 10 Profispiller huet eis zu enger gudder Grupp geformt an mir sinn ëmmer besser ginn. Leider hunn mer bëssen gebraucht bis dass mer openeen agespillt waren, well eis Amien 1 Woch virun der Saison ukomm sinn an sou hate mir dann och puer Problemer am Ufank eise Rhythmus ze fannen. Mee am November sinn mer un d’Rullen komm an hunn 3 vun 4 Matcher gewonn … mir waren um richtegen Wee. Mee dunn krut ech d’Noriicht vun mengem Coach dass de Comité net wollt dass ech den Match Owes matspillen … se haten en neien Ami deen och lescht Joer fir d’Equipe gespillt huet rëm zeréck bruecht an deen huet meng Platz iwwerholl.


Wéi war déi Situatioun fir dech?

Dat war eng komesch Situatioun fir mech well ech mech dorops hin an Fro gestallt hunn. Dat ganzt war net dem Coach seng Entscheedung an hien huet sech och bei mir entschëellegt an gesot dass hien mech bréicht an mech hätt spillen gelooss, mee heen kéint net iwwer den Comité decidéieren. 2 Wochen duerno hunn ech den Club verlooss well ech keen Sënn méi dran gesinn hunn do ze bleiwen an keng Matcher ze spillen. An der Zäit war ech vill mat mengem Agent an Kontakt an hunn no enger Léisung gesicht déi och dunn schnell do war. An sou sinn ech direkt aus Spuenien an Éisträich geflunn.

Wéi leeft et bis elo an Éisträich?

An menger néier Ekipp, den Fürstenfeld Panthers sinn d’Ambitiounen des Saison erëm an déi éischt Liga opzesteigen. Sie waren am Ufank mat ville Verletzungen an Spillerwiessel geplot an hunn dowéinst och am Ufank vun der Saison knapp Néierlagen astiechen missen. Mee d’Zil opzesteigen ass nach ëmmer do an mir kruten och elo en neien amerikaneschen Spiller bäi, deen eis Ekipp komplett mécht. Ech spillen elo erëm op der 4 an net sou wei an Spuenien op der 3. Den Ëmstig vun den Positiounen ass mer liicht gefall well ech an menger Zäit zu Lëtzebuerg och ëmmer 4 gespillt hunn. D’Ekipp huet mech mat oppenen Äerm empfaangen an säitdeem probéieren ech der Ekipp mat allem wat ech hunn ze hëllefen hir d’Zil ëmzesetzen.

Leschte Weekend huet den Alex mat senger Ekipp mat 73:88 géint Salzburg verluer. Hien konnt 28 Punkten an 7 Rebounds markéieren.

Statistiken vum Match –> Statistiken_Fürstenfeld_Laurent

Och den Oliver Vujakovic war am Asaz, seng Ekipp (Tirol Raiders) huet knapp mat 86:88 géint Nord Dragonz verluer.
Statistiken vum Match –> Statsitiken_Raiders_Vujakovic

Par FLBB , le 09/01/2020 à 21:28