Alex Laurent spillt nächst Saison bei Klosterneuburg

De Lëtzebuerger Nationalspiller Alex Laurent spillt nächst Saison bei de Klosterneuburg Dukes, de Veräin spillt an der éischter Liga an Éisträich. Schonn lescht Saison hat den Alex den zweeten Deel vun der Saison an Éisträich gespillt, allerdéngs bei engem anere Club.

Kosterneuburg ass en Traditiounsveräin, deen schonn vill Titele gewanne konnt an lescht Saison op der 3. Platz an der Tabell stoung virum Ofbroch vun der Saison.

Mir wënschen dem Alex vill Gléck!

Par FLBB , le 25/08/2020 à 19:30