An der Op- an Ofstigsrgupp gëtt et esou lues eescht / Sparta – Contern um Freiden

Coupe-Finallen ginn des Woch bekanntlech keng gespillt, an awer stinn eng ganz Rei Matcher um Programm am nationale Championnat, dorënner e komplette Spilldag an der Op- an Ofstigsgrupp, wou et ëmmer ei spannend gëtt.

D’Sparta Bartreng huet lescht Woch fir déi éischte Kéier an der Ofstigsgrupp verluer, um Freiden well d’Ekipp vum Trainer Pascal Meurs eng Victoire géint Contern feieren. De Géigner däerf sech allerdéngs keng weider Defaite erlaben … Contern steet definitiv mam Réck zur Mauer an gewalteg ënner Drock, fir an de nächste Wochen Matcher ze gewannen, soss ass den Ofstig deemnächst net ei ze vermeiden.

D’Résidence huet eng bequem Situatioun an der Tabell déi lescht Wochen verspillt … elo ass de Konkurrent vun Zolwer erëm un Walfer drun. Géint de Black Star muss Walfer 2 Punkten huelen. Miersch spillt weiderhin ouni Drock, en Opstig an d’Total League ass just nach theoretesch méiglech.

Am meeschten Drock huet d`Arantia Fiels, de Club huet géint direkt Konkurrenten verluer an doduerch ass d’Situatioun an der Tabell ganz spannend. De Virsprong op d’Amicale Steesel ass just nach 1 Punkt.

Steesel steet virun engem schwéieren Auswäertsmatch zu Zolwer. Allerdéngs ass d’Amicale gutt drop (3 Victoiren noeneen) an probéiert mat Arantia gläich ze zéien. Zolwer well weider Drock op d’Résidence Walfer leeën, de Réckstand ass just 1 Punkt an der Tabell.

De Spillprogramm:

Freiden:
20.30: Sparta – Contern

Sonndeg:
15.30: Résidence – Black Star
17:00: Arantia – Telstar
18:00: AS Zolwer – Amicale

Par FLBB , le 11/03/2020 à 20:33