An der Titelgrupp bei den Hären geet et elo em wichteg Placéierungen

No der Paus am Championnat wéinst de Lännermatcher vun der Nationalekipp geet et dëse Weekend weider am Championnat, dat mam 3. Spilldag an der Titelgrupp … deemno bleiwe just nach 3 Matcher ze spillen virum Optakt vun de 1/4-Finallen.

Musel Pikes an Basket Esch stinn schonn an der 1/2-Finall, an awer geet et tëschent den 2 Konkurrenten nach em d’Plaz 1! Als Tabellenéischten huet een nämlech an enger méiglecher Finall Heemvirdeel, sécherlech e wichteg Zil fir béid Veräiner.

Dat nëmlecht Zil (eng méiglechst gutt Placéierung) hunn déi aner 4 Veräiner. Aktuell leit den T71 Diddeleng op der 3. Plaz an hätt domat Heemvirdeel an der 1/4-Finall, Ettelbreck an Hiefenech hunn awer och nach Chancen sech Heemvirdeel ze sécheren, fir de Racing gëtt et op Plaz 6 schonn méi schwéier.

Erënnere mer nach emol drun, dass an der 1/4-Finall den 3. géint den 6. an den 4. géint den 5. an enger “best-of-three“-Serie spillen.

Matcher um Weekend:
Samschdes:
19:00 Musel Pikes – T71
20.00: Hiefenech – Racing
20.30: Basket Esch – Ettelbreck

Déi aktuell Tabell –> Tabell_Titelgrupp_Hären

Par FLBB , le 28/02/2020 à 12:50