An ronn engem Mount geet d’Saison 2020/21 mat engem neie Modus un

Traininger sinn amgang, Trainingsmatcher hunn och ugefang an d’Clibb präparéieren sech aktuell op d’Saison 2020/21, déi an engem Mount ufänkt. Natierlech bleift d’Situation wéinst dem Covid-19-Virus ugespaant.

Déi nächst Saison bréngt vill Ännerungen mat sech, haaptsächlech de neie Modus, mat deem gespillt gëtt.

Ligen an Unzuel vun Ekippen
An der Total League bei den Hären kommen 12 Ekippen, an der « Nationale 2 » 8 an an der Nationale 3 nach emol 10 Ekippen zum Asaz. Bei den Dammen spillen an der Total League 9 Ekippen, an der Nationale 2 12 Ekippen.
Genee Zesummesetzung vun de Ligen –> OVERVIEW: Where do the clubs play in the 2020/21 season?

« Play-offs »
Bei den Fraen an Hären wärte mir Play-offs nom System 1-8, 2-7, 3-6, 4-5 gesinn, eppes wat säit Joren an der Diskussioun stoung an sécherlech wäert dazou beidroen, dass de Schluss vun der Saison ei spannend gëtt.

Relegatiounsmatcher bzw. Relegatiounsserien
Kaum Matcher zéien Zuschauer esou an d’Halen wéi Relegatiounsmatcher, an deenen vill um Spill steet. 2 Ekippen, déi am direkten Duell entscheeden, wien déi Saison drop an wéi enger Liga spillt, do ass Spannung garantéiert. Bei den Hären wäert den Tabellendretten aus der Nationale 2 an enger « best of five » Serie géint den Drettleschten aus der Total League untrieden.

« B-Ekippen »
Eppes ganz Neies gëtt an der Nationale 3 bei den Hären. Mat de « B-Ekippen » (Musel Pikes, Mamer, Arantia an Sparta) kënnt neie Wand an eng Liga, an deer d’Unzuel vun den Ekippen an de leschte Joren kontinuéierlech erofgangen ass. Doduerch klemmt de Niveau an der Nationale 3 an jonk Spiller kréien an de B-Ekippen d’Chance, sech mat Spiller aus A-Hären-Ekippen ze moossen.

De Kalänner vun der Saison am Iwwerbléck –>

De Kalenner fir d’Saison 2020/21

Par FLBB , le 24/08/2020 à 20:37