Anne Simon mat neier perséinlecher Beschtleeschtung

D’Anne Simon ass momentan gutt a Form, déi fréier Spillerin vum Gréngewald, huet um Samschden nees eng gutt Leeschtung an Amerika gewisen. Mat enger neier perséinlecher Beschtleeschtung konnt d’Lëtzebuerger Nationalspillerin iwwerzeegen. 28 Punkten an 11 Rebounds stounge nom Match um Kont vum Anne Simon, allerdéngs ass de Match géint Binghampton mat 63:73 verluer gaangen.

Par FLBB , le 18/01/2020 à 10:24