Basket Esch: E laange Wee bis zum Titel

De Basket Esch ass den offizielle Champion vun der Saison 2019/20, och wann d’Spiller betounen, dass een den Titel nächst Saison well « richteg » um Terrain gewannen.

Kuckt een sech de Kader vun der Escher Championsekipp un, fält op, dass 4 Spiller schonn laang zesummen am Escher Trikot spillen: De Joé Biever, Pit Biever, Alex Rodenbourg an Eric Kesseler hunn d’Jugendekippen am Escher Veräin zesummen durchliewt.

Dei Escher 1. Ekipp huet an de leschte Joren vill durchgemaach, vum Ofstig an d’Nationale 2 bis zum Titelkandidat. Fir d’nächst Saison steet de Veräin aus dem Süden sécherlech bei den Topfavoriten fir den Titel 20/21 ze gewannen.

Fir den Alex Rodenbourg steet fest, dass dat laangjäreg Zesummespillen an Zesummesinn net nëmmen um Terrain flott ass: „Wat d’Zesummespill betrefft kennen ech dei 3 amfong blann. Ech spillen bal 20 Joer mam Pit an wéinst dem klengen Altersennerscheed 16 Joer mam Joé an Eric. Jiddereen vun eis huet seng Stärkten an déi probéiere mer elo op deem Niveau op deem mer spillen ze notzen. Basket ass awer och virun allem punkto Frëndschaften dat beschten wat mir perséinlech konnt. Mam Pit sinn och schonn éiweg befrend, mir waren vun klengem un bescht Kolleegen. Et huet och vill Spaas gemaach ze gesinn wéi de Pit sech iwwer all dei Joren zu engem Topspiller entwéckelt huet. Ennereneen verstinn mir eis och niewent dem Terrain extrem gutt. Duerch de Sport kenne sech och Frëndschaften entwéckelen an mir haten Chance dass de Basket Ech esou gutt mat eis geschafft huet an all deene Joren soudass mer all déi flott Momenter zesummen haten an hunn. »

Par FLBB , le 31/08/2020 à 20:05