Basket Shooting Star 2012

Léif Basket Frënn, léif Responsabel aus der Diekirch League,

RTL an Asport proposéieren Iech bei engem super Event matzemaachen.
An zwar siche mir zesummen dee beschte Shooter aus der Hären Diekirch League.
Dofir wéilte mir Iech froen fir ee Spiller ze designéieren deen den 21. Abrëll owes an der Coque d’Faarwe vun ärem Club vertrëtt.
Den Titel vum Basket Shooting Star 2012 gëtt virun der Damme Finale a während der Halschent mat engem Shooting Contest ermëttelt.
Geschoss gëtt vun 3 verschiddene Statiounen (3 Punkten, 2 Punkten a Fräischosslinn 1 Punkt). Jiddereen huet 2 Minutten Zäit, et gëtt op déi 2 Kierwercher geschoss.
Déi 4 Bescht trieden an der Halschent vun der Finale nach eng Kéier géinteneen un. Ween um Enn déi meeschte Punkten huet, gewënnt!
De Spiller gewënnt den Titel a fantastesch Präisser fir säi Club:

· 1 Bong vun 1.000 Euro deen de Club beim Asport aléise kann (Uniformen, Bäll etc.)

· 2 Packagen (Vol + Hotel 4 Nuechten+ Olympia Ticketen) fir London 2012 (fir ënnert de Memberen vum Club ze verspillen oder engem Bénévole ze ginn oder…)

All Spiller dee matmécht kritt zousätzlech 1 Bong vun 100 Euro offréiert vum Asport.
Mir hoffen dat Event gefält Iech a bieden Iech eis den Numm an eng Foto vum Spiller bis spéitestens den 19. Mäerz eran ze schécken un: rebound@rtl.lu
De Contest gëtt natierlech am Rebound op Télé, Radio an Internet beschtens couvréiert.

Fir all Fro oder Präzisioun stinn ech Iech gären zur Verfügung.

Mat sportleche Gréiss

Steve SCHMIT
Program Director RTL Luxembourg
Tel. : +352-42142-7427
Fax. : +352-42142-3750
Mail : steve.schmit@rtl.lu

Par FLBB , le 06/03/2012 à 09:08