BaWü Exchange U14 Meedercher

1. Spiel

Luxemburg – Baden-Württemberg   60-76

D’U14 Meedercher hun mat 60-76 géint hier Alterskolleginnen aus dem Baden-Württemberg, hiren éischte vun dräi Matcher verluer. An hirem éischten internationale Match zesummen, waren Meedercher déi éischt Hallschent vum Tempo an der Intensitéit vum Géigner iwwerrascht. Vill einfach Konterattacken hun dozou gefouert dass se mat 20–44 hannen louchen no 20 Minutten. Dono hun Meedercher awer vill besser an de Match fonnt, sie hun gekämpft, sech op all Ball geheit, vill Rebounds géint méi grouss Géignerinne geholl a virum allem och den Tempo diktéiert. Sie hun verdéngt déi 2. Hallschend mat 40-32 gewonnen.

 

Fir Lëtzebuerg huet gespillt:

Sara Schmitz, Julia Reuland, Tabea Wittwer, Kyra Coulon, Alba Feyder, Margaux Geelen, Celia Stracks, Lara Graglia, Etute Faith, Josephine Vebiu

Muer stousse mam Annemie Axmann, Emma Mores a Laetitia Schumacher och nach dräi weider Pilieren bei de Grupp bäi. Mam Liz Rollmann huet leider ee weidere Pilier verletzungsbedingt missen aussetzen.

 

2. Spiel

Luxemburg – Baden-Württemberg   54-57

Am 2. Match sin d’Meedercher net esou iwwerrascht gin vun hirem Géigner wéi datt de Fall am 1. Match war, mee se hun dogéint gehaal. Dei dräi Spillerinne wou nokomm sin, hun eis bëssen duerch hier Erfarung vum leschte Joer direkt mat a Spill geholl. An der Paus stoung et 26-33 fir Baden-Württemberg. Unsech ass d'Mannschaft direkt gutt aus der Vestiaire komm awer iergendwéi sollt ed haut nach net duergoen an hun zum Schluss de Match op 3 Punkten verluer.

 

Fir Lëtzebuerg huet gespillt

Sara Schmitz, Tabea Wittwer, Kyra Coulon, Emma Mores, Laetitia Schumacher, Julia Reuland, Etute Faith, Margeaux Geelen, Lara Graglia, Alba Feyder, Celia Stracks, Annemie Axmann

 

3. Spiel

Luxembourg – Baden-Würtemberg   51-61

Den leschten Match vum BaWü Exchange sin d’Meedercher net gudd an den Match gestart, einfach Layupen sin net verwandelt gin an zevill Turnovers hun et dem Géigner ze einfach gemaach. No der Paus war den Spillverlaaf vum Match nach emmer den selwecht, an esou stung et no 3 Véirel 32-48 fir Baden-Württemberg. Am leschten Véirel sollt dann eng Reaktioun vun den Meedercher kommen, mat engem 13-0 Laaf kämpft d’Mannschaft sech zeréck an den Match. Leider sollt dëss Reaktioun ze speit kommen, esou dass den Match zum Schluss op 10 Punkten verluer geet.

 

Fir Lëtzebuerg huet gespillt

Emma Mores, Laetitia Schumacher, Julia Reuland, Tabea Wittwer, Kyra Coulon, Alba Feyder, Celia Stracks, Josephine Vebio, Lara Graglia, Sara Schmitz, Ehis Etute, Annemie Axmann

Par FLBB , le 02/11/2017 à 01:03