Ben Kovac no Profidebut: „Wichteg ass dass mer de Match gewonn hunn! »

De Ben Kovac stoung de Weekend fir d’éischte Kéier als Profi um Terrain an engem offizielle Match, seng Ekipp Den Helder Suns huet mat 80:60 géint The Hague Royals gewonn. En zefriddene Ben Kovac sot eis nom Match, dass hien „ganz zefridden ass mam éischte Match vun der Profikarriär. Wichteg ass natierlech dass eng Victoire dobäi rauskomm ass. 8 Punkten an 5 Rebounds sinn och ok, an der Defense hunn ech eng wichteg Aufgab iwwerholl an mäin Job gemaach, soudass een zefridden kann sinn. Ech muss och soen dass ech am éischte Virbereedungsmatch méi opgereegt war wéi an dësem Match. Eréicht wéi en Teamkolleeg mech kurz virum Match gefrot huet opp ech prett fir mäin éischte Profimatch wir hunn ech realiséiert dass et effektiv mäin éischte Match wir. Allgemeng ginn ech ganz positiv an d’Matcher eran. Nächst Woch wärte mir en wichtege Heemmatch hunn, deen mir onbedengt welle gewannen, en 3:0-Start an d’Saison wir exzellent. »

Statistiken vum Match –> Statistiken_Kovac

Par FLBB , le 11/10/2020 à 18:30