Christophe Ney: „Mir sinn mat ganz vill Confiance an de Match gaangen »

D’Arantia Fiels huet zum Optakt vun der Saison 20/21 op der Musel gewonn. Fir den neien Fielser Coach Christophe Ney war et den éischte Match als Head-Coach an der Total League.

„Ech war schonn e bëssen nervös am Laf vum Daag, wéi mer dunn an der Hal waren ass et besser gaangen an ech hunn mech op de Match konzentréiert », sou de Christophe, deen virun senger Statioun an der Fiels jorelaang Head-Coach bei den East Side Pirates war. „Mir haten eis gutt op de Géigner virbereet an sinn mat ganz vill Confiance an de Match gaangen. Natierlech huet et eis gehollef, dass bei de Pikes nëmmen 1 Profi matgespillt huet, mee aus Erfarung weess een, dass dat net ëmmer eppes heescht, well op eemol d’Lëtzebuerg opdréine kënnen. »

De Fielser Trainer war dann och ganz zefridden mam Optrëtt vun senger Ekipp. „Mir hunn ganz staark als Ekipp zesummen gespillt. Mir ass wichteg, dass eis Amerikaner net mussen alles eleng maachen fir dass mir Matcher gewannen. Wann mir wëllen an de Play-offs dobäi sinn, dass geet dat nëmmen iwwer e gutt Teamspill an eng ganz staark Defense. Defensiv stounge mir géint d’Pikes gutt an mir hunn dem Géigner d’Liewen schwéier gemaach. » Enner anerem huet d’Arantia den eenzege Profispiller vum Géigner op 7 Punkten gehal.

Mat dëser Victoire am éischte Match ass een op Fielser Säit natierlech ganz zefridden, op der Musel ze gewannen ass ganz sécher keng liicht Aufgab, an awer läit de Fokus schonn um nächste Spilldag, wou en duebelen Spilldag um Programm steet. Freides kennt de Champion Basket Esch op Besuch an d’Fiels, Sonndes spillt d’Arantia zu Steesel. „Dat ginn 2 schwéier Matcher. Esch ass natierlech Champion an kloer eng vun de stäerksten Ekippen an der Liga, dat gëtt fir eis eng grouss Erausfuerderung. Géint Steesel musse mer kucken wat eis erwaart, si hunn och nëmmen mat engem Profi gespillt e Samschden. Video-Analyse wäert eis dës Woch hëllefen fir eis op de Géigner virzebereeden, an dann wäerte mir natierlech probéieren déi Matcher ze gewannen, idealerweis déi zwee. »

De Resumé vum Samschden-Owend an Artikel aus der Press –> Saturday-recap + press reports

Par FLBB , le 27/09/2020 à 10:14