Christophe Ney: „Sportlechen Equiliber an der Nationale 2 muss fonnt ginn“

Nodeem d’AGE vum leschte Samschden kee neie Modus ervirbruecht huet, ass et un der Zäit e puer néi Iddien ze sammelen. Dofir präsentéiert d’FLBB iwwer déi nächst Deeg d’Analysen an Meenungen vun verschiddene Leit. Néi Iddien oder Virschléi sinn wëllkomm.

Den Optakt mécht de Christophe Ney, deen bekanntlech neien Trainer vun der Arantia Fiels an der Saison 2020/21 ass. De Samschden war hien fir d’East Side Pirates op der AGE vun der FLBB.

Wéi de Präsident Heng Pleimling d’Resultat vum Vote annoncéiert huet, war de Christophe Ney dach iwwerrascht: „Ech hat schonn domat gerechent, dass eng vun deenen 2 Optiounen (10 oder 14) géif eng Majoritéit kréien. Et war een och enttäuscht, well d’Veräiner elo nach ëmmer keng Kloerheet hunn, besonnesch déi Veräiner, fir déi en eventuellen Op- an Ofstig an Fro kënnt oder fir d’Clibb an der Nationale 3, fir déi d’Ännerung vum Modus eng enorm grouss Ännerung kéint mat sech bréngen.“

Op der AGE ass kloer ginn „dass et keen Virschlag gëtt, mat deem jiddereen zefridden ass“, sou de neie Fielser Trainer. „Elo muss een sech zesumme setzen an analyséieren wourun dat louch an dann Ännerungen virhuelen. Prioritéit misst an mengen Aen d’Saison 2020/21 hunn, wat duerno geschitt, kéint een och nach ab September an Rou plangen.“

Wisou vill Clibb sech schwéier gedoen hunn mat der Wal, ass fir de Christophe Ney och doduerch ze erklären, dass een bei enger Propose „Veräiner ofsteige gelooss hätt, an dat ass natierlech eng Decisioun, déi eigentlech net soll vun de Veräiner geholl ginn. D’Veräiner sollen de Modus wielen, net awer wien an wéi enger Liga spillt. Kloer ass awer och, dass iergendwéi muss eng Entscheedung getraff ginn.“

Fir den Ex-Trainer vun den East Side Pirates huet sech beim 14-13-Modus virun allem d’Fro gestallt, wéi d’Nationale 2 sportlech géif ausgesinn: „Et wier kloer gewiescht, dass beim Zesummeleeën vun der Nationale 2 an Nationale 3 grouss sportlech Ennerscheeder entstan wieren, vill Matcher wire sportlech gesinn ganz oninteressant gewiescht.“ Verschidde Clibb an der Nationale 2 spillen mat 2, deelweis souguer mat 3 (bezuelten) NET-JICL-Spiller, déi meescht Ekippen an der Nationale 3 hunn nëmmen Amateuren am Kader. De Christophe Ney schléit dofir fir, am Fall vun souenger Liga eng temporär Léisung anzebauen: „Eng genee Definitioun vum Profispiller gëtt am Moment geplangt an ausgeschafft, mee fir nächst Saison kéint een sech ënner de Clibb an der Nationale 2 schonn emol op 1 Profispiller pro Ekipp eenegen fir en Equiliber ze schafen an d’Liga sportlech méi interessant ze gestalten. Et wäert natierlech schwéier ginn d’Leit dohanner ze kréien, mee wann een wëll, dann fënnt een e Wee.“

Par FLBB , le 18/05/2020 à 13:48