Corona-Virus an Italien: « Mir wësse net ob an wéini et weidergeet »

De Corona-Virus bestëmmt aktuell déi ganz Medienthematik, an Italien ass de Noutstand ausgeruff ginn. Do wunnt an spillt des Saison d`Nadia Mossong, dofir hunn mir hatt gefrot, wéi d`Situatioun an Italien de Moment ass an wéi et mat der Basketsaison weider geet.

N.M: « Et muss een sech d’Situatioun sou virstellen dass vum Ministère ëmmer rëm Updaten rauskommen iwwer nei Mesuren déi geholl sollen ginn fir d’Ausbreedung vum Virus ze ënnerbannen an dann mussen sech Federatiounen an Firmen asw upassen fir en règle ze sinn. Deemno gouf et a leschter Zäit quasi all puer Deeg nei Decisiounen iwwer wéini et mam Championnat weidergoen sollt.
Virun 3 Deeg koum dunn d’Decisioun vun der Federatioun dass all Championnater (ausser Serie A) bis ob Weideres ofgesot sinn. Ouni Datum wéini et weidergoen soll. Mëttlerweil sinn gëschter an haut och nach Matcher aus der Serie A ofgesot ginn déi ufanks ouni Public gespillt sollten ginn.
Wéini an ob et weidergeet wëssen mer deemno momentan net. Mee et gesäit sou aus wéi wann fréistens Ufank Abrëll eppes geschitt, wann d’Situatioun mam Virus sech bis dohin verbessert huet. Denken awer dass et onméiglech ass dass dann all déi Matcher déi ofgesot goufen nogespillt ginn. Besonnesch an Divisiounen wou net just Voll-Profien spillen. Deemno bleift d’Fro wéi d’Federatioun dat reegele well. Playoffs mat dem aktuellen Klassement oder Saison ganz ofsoen wären eventuell Méiglechkeeten.
Momentan trainéieren mir relativ normal weider, mee et ass natierlech schwéier 100% konzentréiert ze sinn wann een net weess ob oder wéi et weidergeet. »

Wéi et allgemeng ausgesäit am Alldag beschreift Nadia Mossong esou: « Wann een mat den Leit schwätzt ass ob alle Fall eng gewëssen Onrou ze spieren an d’Thema Coronavirus gëtt vill diskutéiert. Mee wann een aus dem Haus geet mierkt een keen Ënnerscheed, dat heescht et sinn nach ëmmer vill Leit an der Staat ënnerwee, keng Masken, asw. »

Par FLBB , le 09/03/2020 à 07:50