Dammen: Diddeleng klappt de Gréngewald 79:74

Bei den Dammen gouf um Samschden am Titelgrupp e komplette Spilldag gespillt.

Doböi huet den T71 Diddeleng mat 79:74 géint de Gréngewald gewonn, Orban (Foto, 17), Muller (12) an Mreches (10) hunn dobäi niewt de Profispillerinnen iwwerzeegt.

D’Amicale Steesel huet de Basket Esch iwwerrannt, dat mat 89:49. Scott (34) an Morrow (30) hunn déi meeschte Punkten markéiert, Skrijelj huet doniewt 19 Rebounds gesammelt.

De Leader Etzella gewënnt mat 72:66 géint Résidence Walfer. Anthony (20) an Lena Hetto (15) hunn déi meeschte Punkten fir d’Etzella markéiert.

An der Tabell sinn d’Ekippen ëmmer nach ganz enk beieneen, all Ekipp huet nach Chancen an der 1/2-Finall ze spillen.

rtl.lu –> Artikel_RTL.lu

wort.lu –> ARTIKEL_WORT.LU

Foto: Robert Straus

Par FLBB , le 07/03/2020 à 20:44