Black Star mellt Dammenekipp un, Kehlen mellt Ekipp of

De Basketveräin Black Star Miersch huet matgedeelt, dass nächst Saison nees eng Dammenekipp an der Nationale 2 wärt vertruede sinn. Déi lescht 2 Spillzäiten (2018-19 an 2019-20) hat de Black Star keng Dammenekipp am Championnat.

Trainer vun der Ekipp gëtt de Mike Pravisani, deen lescht Saison d’Dammenekipp vu Kehlen trainéiert huet. Kehlen wäert nächst Saison keng Dammenekipp méi am Championnat hunn, d‘Ekipp geet mam Trainer op Miersch.

Par FLBB , le 28/04/2020 à 09:14