De Champion Gréngewald gewënnt géint de Leader Etzella

Foto: Robert Straus

Um Freiden-Owend huet sech de Champion Gréngewald bei den Dammen mat 68:61 géint den Tabelleleader Etzella duerchgesat. Duerch des Victoire verbessert de Gréngewald seng Chancen op eng Plaz ënner den Top 4 an engem weiderhinn extrem spannenden Titelgrupp bei den Dammen.

Beim Gréngewald hunn nëmmen 5 Spillerinnen Punkten markéiert, déi meeschte Punkten hat Tierney Pfirman mat 22, dobäi kommen 16 Rebounds. Non-Jicl-Trio Pfirman, Goff an Vass huet insgesamt 52 vun den 68 Punkten bei de “greens“ markéiert.

Fir den Tabellenleader Etzella huet US-Amerikanerin Kierra Anthony 17 Punkten markéiert.

Béid Ekippen hunn zesummen 3 vun 33 “Dreier“ getraff. De Gréngewald huet am 3. Véirel nëmmen 4 Punkten markéiert, am 4. Véirel heut d’Ekipp vum Trainer Paar awer mat 31 Punkten iwwerzeegt an de Match gedréint.

Statistiken –> stats_Gréngewald_Etzella

Artikel rtl.lu –> Artikel_RTL.lu

Bei den Hären konnt sech de Gréngewald och duerchsetzen um Freiden am Oofstigsgrupp vun der Nationale 2: De Match géint Wolz war séier entscheed, um Enn stoung et 118:59, dobäi huet den Amerikaner Cumpstone vum Gréngewald 60 Punkten markéiert (38 no der Paus). Domat huet den Profispiller 1 Punkt méi markéiert wei de Géigner (59).

Par FLBB , le 28/02/2020 à 22:05