De Gréngewald ass éischte Finalist bei den Dammen

De BBC Gréngewald Hueschtert ass éischte Finalist bei den Dammen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg. Den aktuelle Champion huet sech um Samschden mat 56:53 géint Musel Pikes duerchgesat.

Virun 861 “payants“ (offiziell matgedeelten Zuel) hunn d’Pikes sech an der Schlussphas vum Match staark zereckgekämpf, um Enn konnt de Gréngewald sech awer knapp behaapten, eng Verlängerung war fir d’Pikes nach méiglech.

Gréngewald – Musel Pikes 56:53
– Lisy Hetting hat déi meeschte Punkten beim Gréngewald (15)
– Bridget Yoerger hat eng Chance de Match auszegläichen mat engem 3er kurz virun Schluss

Fir d’Musel Pikes ass et soumat net méi méiglech, en Titel ze gewannen, de Veräin steet bei den Dammen am Play-down an der Meeschterschaft.

An der 2. 1/2-Finall bei den Dammen stinn sech um Sonnden de Basket Esch an Hesper géintiwwer.

Statistiken –> Statistiken_Musel_Pikes_Gréngewald

Artikel rtl.lu –> Artikel_RTL.lu

Artikel wort.lu –> ARTIKEL_WORT.LU

Artikel tageblatt –> Artikel_Tageblatt

Par FLBB , le 01/02/2020 à 19:26