De Jugenkoordinator vun der Sparta am Interview iwwer d’Situatioun vum Jugendbasket

De Christophe Flammang ass säit 1999 Jugendtrainer bei der Sparta Bartreng, donieft war hien och schonn Assistent-Coach bei den Hären. Tëschenduerch war hien vun 2012 – 2016 Härentrainer zu Bascharage an ass mat deem Veräin ënner anerem an Total League opgestigen. Aktuell ass hien Jugendtrainer an Jugendkoordinator op der Sparta, deem Veräin mat de meeschten Jugendekippen am Land. Mir hunn mat him iwwer déi aktuell Situatioun am Jugendbasket geschwat.

1. Wei géifs du d’Situatioun am Jugendbasket beschräiwen zu Lëtzebuerg am Moment?

Ech baséiere mech virun allem op de Jongeberäich well ech säit 20 Joer do täteg sinn.
Déi aktuell Situatioun am Jugendbasket ass menger Meenung no momentan relativ dramatesch. Vill Clibb hunn net de Wëllen oder d’Moyen’en, fir d’Jugend optimal ze fërderen an domat d’Zukunft vum Lëtzebuerger Basket ze sécheren. Et feelt hei net onbedengt u guddem Wëllen, mee un lëtzebuergeschen Traineren déi bereet sinn, fir wéineg Geld en immens wichtegen Job ze maachen dee ganz vill Zäit kascht, an dat op engem qualitativ héijen Niveau mat Konzept à long terme. Des weideren sinn ech der Meenung, dass d’Konzept vun de Jugendkaderen an der FLBB net onbedéngt de beschte Wee ass fir déi lëtzebuergesch Talenter optimal ze fërderen. Matt deenen exzellente Viraussetzungen déi et punkto Infrastruktur zu Lëtzebuerg ginn geet et punkto Kaderresultater bei de Jugend Jongen (ech kenne mech virun allem am Jongeberäich aus) an de leschte Joren just nach biergof. Dat ze analyséieren sprengt awer de Kader vun dësem Interview.
Ausserdeem sti mir eis selwer am Wee fir eis Jugend am Verglach zum Ausland gutt opzestellen. Beispillsweis stelle mir ëmmer nees op staarken internationalen Tournoien fest, dass eis Géigner an der U14 (Minis) reegelméisseg méi wéi 10 Dräier treffe pro Match. Zu Lëtzebuerg zielen d’Dräier an de Minis emol net! (wat natiirlech net verhënnert se trotzdeem ze trainéieren) 24 Sekonnen lafen zudeem och an den héijen Jugendligen ab der U14 am Ausland. Et ginn nach ganz vill Klengegkeeten déi all zesummen zu engem grousse Schrëtt no vir kéinte ginn.
Ee weidere grousse Chantier fir Clibb mat gudder Jugendaarbecht ass d’Situatioun no de Cadets. Hei bräicht een e sënnvollt Championnat fir déi Spiller déi am Espoirs-Alter sinn, an awer nach net vill Spillzäit an de Seniors kréien. Mir plädéieren dofir, dass ee seng Seniors B Equipe kann an der Nationale 3 umellen (ouni Non-JICL an et däerf een net steigen). Dëst valoriséiert déi jonk Spiller méi wéi e Seniors B Championnat, wat leider nëmmen deelweis serieux geholl gëtt. Dëst wier dann eng Art « Farmteam », wéi et am Ausland üblech ass an et kann ee seng eege Jugendspiller bis zum Schluss forméieren aplaz iergendwellech Noutléisungen ze fannen. De Level vun der N3 gëtt doduerch zudeem opgewäert. Et muss een allerdéngs dofir suergen dass ee sech sportlech muss heifir qualifizéieren an net all Seniors B Equipe sech elo fir d’N3 umellt. (z.B. just déi 3-4 éischt aus der Divisioun 1 hunn d’Méiglechkeet sech fir d’N3 ze mellen).

2. Firwat huet et Sparta déi lescht Joren gepackt vill jonk Spiller auszebilden, déi an der Total League Fouss gefaast hunn? Et spillen der jo am Veräin selwer an nach bei anere Veräiner aus der Sparta-Jugend.

D’Äntwert ass hei relativ einfach: Vill Schaffen a ganz vill Opwand bedreiwen a ganz wichteg, sech permanent a Fro stellen an net zécken eppes ze änneren! Am Joer 2006 gouf de Sparteens Projet vun eiser Jugend an d’Liewe geruff dee mer permanent weiderentwéckelen.
Et geet un an de Prépoussins wou mir Samschdes Moies em déi 80 Kanner hunn déi a ville Gruppen de Basket entdecken. Et besteet esouguer eng Waardelëscht vun em déi 20 Kanner well mir um Maximum vum Machbaren ukomm sinn. Dat ass d’Basis vun dem Ganzen.
Ab der U14 trainéiere mir mat der Spëtzt 3x (dovun ass 1 Athletiktraining) pro Woch plus een optionalen Training (deen awer quasi all Spiller mécht) wou zousätzlech reng athletesch geschafft gëtt. Ee ganz wichtegt Element ass vun Ufank un déi mental Ausbildung vun de Spiller: Déi meescht Spiller hunn eng 90-100% Presenz op den Traininger – d’Spiller an d’Elteren gi vun Ufank un sensibiliséiert dass d’Kanner hiert Léieren esou organiséieren dass et mam Training laanschteneen geet. (dat klappt oft mee natierlech ginn et och Ausnahmen) Doduerch entsteet eng positiv Dynamik an eng staark Discipline an den Equippen wou ee gutt leeschtungsorientéiert ka schaffen.
En anert ganz wichtegt Element ass den Athletiktraining, den eis Spiller ab der U14 1-2x pro Woch kréien. Dëst ass ee ganz wichtege Bausteen fir d’Spiller op e gudde Level ze kréien an Blessuren ze vermeiden.

Essentiell fir d’Entwécklung vun eise Spiller sinn d’Deplacementer an d’Ausland: Eis Equipe reese ganz reegelméisseg (bal all Schoulvakanz) an d’Ausland a moosse sech mat aneren Topequippen. Eis U14 an U16 waren 2019 beispillsweis 2x a Litauen an hunn en Tournoi a vill Frëndschaftsmatcher géint Zalgiris Kaunas gespillt, tëschent Chrëschtdag a Silvester waren eis U16 Meedercher an U14 Jongen zu Courtrai um X-Mas-Tournament wou ënner anerem déi stäerksten Academy’en aus der Belsch an Holland vertruede sinn. Am Abrëll fueren eis U16 an U14 op San Antonio an Texas wou se e Stage maache mat Frëndschaftsmatcher géint regional Equippen an en AAU Tournoi spillen. Eis U16 Meedercher waren 2019 an den USA an hunn zu Philadelphia och en AAU Tournoi gespillt an e Camp matt amerikanesche Spillerinne gehat. Eis Fillettes waren am Oktober a Schweden an hu sech do géint staark skandinavesch Equipe konnte moossen. (an vill aner Déplacementer)
All dës Erfarungen suergen dofir, dass eis Spiller sech basketballeresch mee och sozial a mental weiderentwéckelen an de Basket als eng wichteg Prioritéit ugesinn.
Ervirzehiewen ass awer och, dass d‘Ëmsetzung vun dem ganze Konzept immens vill Idealismus an Energie vu Coachen a Bénévolen am Club verlaangt, wat net ëmmer einfach ass, well bei esou ville Spiller natierlech och ëmmer e puer Leit manner zefridde si wéi anerer an dann d’ Elterenaarbecht natierlech och mol méi ustrengend gëtt, mee och dat ass en Deel vum Ganzen.

3. Gett et eppes wat sech ännere sollt am Basket fir jonk Spiller erëm méi an d’1. Ekippen ze integréieren (Ausbildung, Unzuel non-JICL-Spiller, …)

An der 1.Fro hunn ech schonn beäntwert, wat punkto Seniors B-Farm Team kéint geännert ginn.

Donieft kënnt natierlech d’Fro vun den Non-JICL. Ech hunn do eng méi differenzéiert Vue well ech selwer 4 Joer Häre-Coach zu Käerjeng war wou mir mam Dimitri Jorssen e fréiere Profi als 3.Non-JICL haten, den awer zu Lëtzebuerg net méi Profi war. Fakt ass, dass jiddwer Equipe sech d’Situatioun esou schéi riet, dass se engem selwer an de Krom passt. All Equipe déi mat 3 Non-JICL spillt huet seng Argumenter. Allgemeng weess jiddereen och, dass déi meescht Clibb am léifsten an enger Situatioun wieren wou se mat 1 Non-JICL spille kéinten. Heifir muss awer als éischt eng vill méi breet a staark Jugendfërderung an all Club duerchgefouert ginn fir dass méi Lëtzebuerger do sinn déi N1 oder N2 spille kënnen. Do ass dann awer den Däiwelskrees: Vill Equippen wëllen an der N2 mathalen a mussen 3 Non-JICL bezuelen (och wann deelweis net als Profi) an hunn doduerch nët méi esouvill Moyens fir an d’Jugend ze investéieren. Investéiers de als N2 Club awer vill an d’Jugend a spills mat 1 oder 2 Non-JICL fäls de warscheinlech eraus a bass nach manner attraktiv fir Lëtzebuerger Jugend- an Härespiller. Deemno brauche mer eng kloer Reegel déi net matt engem Pseudo-Gentleman Agreement (dee vu jiddrengem no sengem eegene Viirdeel ausgeluecht gëtt) gereegelt ass mee déi absolut Kloerheet a Sanktioune virgesäit fir all Equipe déi sech net drun hält. Beispillsweis 3 JICL um Terrain – matt Perspektiv 4 JICL um Terrain ab 2025 (oder en anert Joer). Da misst all Club dofir suergen dass en eng gutt Jugendaarbecht mécht fir 2025 kënnen matzehalen.

Interessant wier et och wann all Total League Equipe misst e stéchhaltegt Jugendkonzept virleeën an an all Kategorie mindestens eng Equipe hunn fir däerfen an der ieweschter Liga ze spillen. Dat misst een natierlech step by step aféieren a genee kucken wat am Amateurberäich machbar ass. Wichteg ass, dass d’Clibb laangfristeg plangen an sech hir Zukunft duerch eege Jugendaarbecht secheren. Dass dat net vun haut op muer geet an laang Joren brauch bis et esou leeft wéi et soll ass normal.
Hei gesinn ech dann och de Rôle vun der Federatioun als wichteg un. D’FLBB kéint mat Knowhow vu Coachen d’Clibb déi Besoin hunn dobäi ënnerstëtzen fir Jugendkonzepter un d’Lafen ze kréien. Dat fänkt u mat Rekrutéirung am Prépoussins Beräich mee geet awer virun allem och weider Richtung Leeschtungsberäich, athletesch, technesch an taktesch Ausbildung, Coach Ausbildung. Wann d’FLBB hei mat de Clibb zesummeschafft kréie mer à long terme méi staark Jugendclibb, wouduerch de Level vun den FLBB Kaderen natierlech och steigt an emol e richtege Konkurrenzkampf herrsche kéint. All dat wier natierlech e Monster Projet an e komplette Wandel vun der Perspektiv, mee ech denken dass dat de Wee ass de Lëtzebuerger Jugendbasket als Ganzt erëm no vir ze bréngen.

FOTO: Op der Foto ass de Christophe Flammang mat senger aktueller Minis-Ekipp ze gesinn.

Par FLBB , le 05/02/2020 à 07:40