De Lou Demuth wäert an den USA Studien mam Basket verbannen

De Nationalspiller Lou Demuth (20 Joer, 2m 13 grouss) wäert nächst Joer an Amerika Studien an Basket mateneen verbannen. De Spiller vum Gréngewald mécht des Joer säin Ofschoss op der 1ère, duerno steet e neien Challenge um Programm: „No der Première wollt ech souwisou studéiere goen, an zu Chicago (Chicago State University) kann ech och nach op héijem Niveau Basket spillen. Ech profitéieren och dovun, dass ech e Stipendium ugebuede krut, dofir war déi Optioun USA nach méi interessant.“

Op et an Richtung Profikarriär geet, misst een awer nach kucken, jiddefalls setzt de jonke Spiller net alles op eng Kaart fir professionelle Basketspiller ze ginn. „Et muss een kucken wat méiglech ass, als Profi aktiv ze ginn ass awer sécherlech en Zil vun mir an Zukunft.“

Artikel vum Quotidien –>article_lequotidien.lu
Artikel vum Wort –> ARTIKEL_WORT.LU

Par FLBB , le 21/05/2020 à 22:10