De Samy Picard ass neie President vun der FLBB an ersetzt den Heng Pleimling

Op der AG vum Samschden-Moien ass de Samy Picard als neie President vun der FLBB bestätegt ginn, hien war den eenzege Kandidat. Den Heng Pleimling ass net méi als President ungetrueden an iwwerléist elo dem Samy dëse Posten.

De 5. Mee 2012 hat den Heng Pleimling als President vun der FLBB ugefang (zanter 2005 war hien CA) an et kann een him gratuléieren fir déi Aarbecht an de leschte Joren!

Den Heng huet an senger Ried zu Käerjéng betount, dass hien frou ass, dass mam Samy e Nofolger bereet steet an dass hien sech keng Suergen mécht, dass déi deelweis néi Ekipp an Zukunft am Sënn vum Basket wäert weider schaffen. Mam Cathy Donckel, Iris Hoffelt, dem Nicolas Hentgen, dem Pit Rodenbourg an dem Kim Thesen sinn 5 nei Membren am CA vun der FLBB opgeholl ginn soudass de Comité insgesamt vergréissert ginn ass.

De neie President Samy Picard huet an senger Ried betount, dass hien mat senger Ekipp an Zukunft alles wäert drun setzen, fir de Basket no fir ze bréngen an als éischt Amtshandlung gouf natirlech dem Heng Pleimling MERCI gesot fir all d’Aarbecht an de Joren an huet proposéiert fir den Heng als « Éirepresident » ze veréiwegen.

Weider Neiegkeeten:

– Zu Iechternach gouf e neie Basketveräin gegrënnt, sécherlech eng gutt Nouvelle fir de lëtzebuerger Basket.
– An Zukunft mussen 2/3 (zwee Drëttel) vun de Matcher vun enger Saison gespillt sinn, fir dass d’Saison validéiert gëtt.
– Huet eng Ekipp méi wei 3 SpillerInnen, déi an « Quarantän » sinn, dierf de Match verluecht ginn.

Coupe-Auslousung 1/16-Finallen –> Coupe 1/16-Finallen ausgeloust

Artikel wort.lu –> ARTIKEL_WORT.LU

Artikel tageblatt.lu –> ARTIKEL_TAGEBLATT.LU

Par FLBB , le 21/09/2020 à 23:12