Déi grouss Ekippesportaarten zu Lëtzebuerg geschwënn am Livestream on der RTL Sport Live Arena

Wéi virun pur Wochen ugekennegt wärte nächst Saison all Matcher aus der Total League am Livestream iwwerdroe ginn, dat an der RTL Live Sport Arena.

Fir den FLBB-President Heng Pleimling ersetzt de Livestream net d’Ambiance vun engem Match an der Hal, mee en erreecht virun allem och en neie Public. D’Zil misst sinn, dass d’Leit sech duerno méi staark fir de Basket interesséieren an och an d’Hal Matcher kucke ginn.

Fir Traineren ass e « coaching tool » agebaut, deen d’Méiglechkeet bitt „Matcher am Détail ze analyséieren », sou heescht et am Reportage.

Link–>     Artikel_Reportage_RTL.LU

Par FLBB , le 04/09/2020 à 09:19