Dem « restart » an der NBA steet aktuell näicht am Wee

D’Saison an der NBA kéint den 30. Juli wéider goen, aktuell gesäit et duerno aus, wéi wann dem « restart » an der beschter Basketliga vun der Welt näicht am Wee géif stoen. D’Ekippen sinn jo bekanntlech op engem Campus (zu Orlando am Disney Land) beieneen an domat an enger « bubble », fir ze verhënneren dass de Virus Covid-19 sech verbreede kann.

Aktuell lafen Trainingsmatcher, ab dem Donnechden start dann d’Saison 2019/20 op e Néits. Dobäi ass interessant, dass et grad fir Leit an Europa vill mei bequem ass, Matcher live ze kucken. Bal all Daag sinn Matcher an de fréien Owesstonnen eiser Zäit geplangt (oft geet et em 19 Auer un). Niewent dem Match Utah – New Orleans ass um 1. Spilldag och direkt den Topmatch LA Clippers – LA Lakers geplangt, deen gett allerdengs em 3 Auer an der Nuecht eiser Zäit gespillt.

No enger kurzer regulärer Saison (seeding games an eventuell play-in games) ginn d’Play-offs gespillt, déi ginn wéi gewinnt am « best-of-7-Modus » gespillt an sollen den 17. August ufänken.

Par FLBB , le 27/07/2020 à 09:29