Den David Stern, laangjärege Patron vun der NBA ass gestuerwen

E Mëttwoch ass den David Stern am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Hie stoung vun 1984 bis 2014 un der Spëtzt vun der amerikanescher Basket Associatioun NBA.

Den David Stern ass e Mëttwoch am Nomëtteg un de Suitte vun engem Hireschlag gestuerwen, deen hie virun 3 Wochen an engem Restaurant zu New York erlidden hat.

Vill fréier an aktuell NBA-Stars wéi Magic Johnson, Michael Jordan, Tony Parker, Dirk Nowitzki, Reggie Miller, Lebron James, Isiah Thomas oder Shaquille O’Neal hu via sozial Medien hiert Bäileed ausgedréckt an nach emol rappelléiert, wéi wichteg den David Stern fir d’NBA war. Hien hätt d’NBA zu deem gemaach, wat se haut ass.

(source RTL)

->News op RTL

Par FLBB , le 02/01/2020 à 15:28