Den Heng Pleimling kandidéiert am September net méi als FLBB-Präsident

Den Heng Pleimling, deen säit 4 Amtszäiten Präsident vun der FLBB ass, kandidéiert am September net méi als Kandidat fir de Posten vum Präsident vun der Basketfederatioun.

Den Heng erfëllt säin Mandat bis zum September weider, wëll awer elo schonn duerch des Informatioun d’Méiglechkeet bidden aner Kandidaturen unzeschwätzen. Schonn 2018 war fir hien kloer, dass déi 4. Amtszäit déi leschten als Präsident wäert sinn, elo gëtt et „Zäit Platz ze maachen fir aner Leit an Ideeën“, sou den FLBB-Präsident.

Säit mëttlerweil 15 Joer ass hien Deel vum CA vun der Basketfederatioun, deemno säit 2005.

Dem Heng Pleimling ass et wichteg, dass een – trotz allen Differenzen an Diskussiounen, déi een iwwer all déi Joer hat – ëmmer an enger familiärer Situatioun diskutéiert hätt. Hien kann sech och virstellen, an Zukunft an engen Aart berodender Funktioun weiderhin un verschiddenen Dossieren ze schaffen, dat allerdéngs éischter am Hannergrond.

Foto: Robert Straus

Par FLBB , le 06/05/2020 à 14:35