Den (Jugend)-Training huet nees ugefang / Hansen mat Stage bei Profiekipp an Bulgarien

Ufank August ass traditionell Zäit, an deer d’Basketclibb ufänken d’Saison virbereeden. Och dës Joer ass dat net anecht, och wann natirlech den Ëmstänn entspriechend d’Virbereedung op d’Saison 20/21 anecht ausgesäit. Vill Fraen- an Härenekippen hunn den Trainingsoptakt fir nächst Woch programméiert, e pur Clibb sinn allerdéngs schonn an der Hal.

D’Sparta Bartréng huet Fotoen gedeelt mam Message, dass hir Jugendspiller no e pur Méint Training dobaussen elo nees an der Hal aktiv sinn. Op der Foto ass de Jugendtrainer Chris Wulff ze gesinn, deen d’Bäll désinfizéiert.


Aktuell mécht den U18-Nationalspiller Pit Hansen e Stage bei der Profiekipp « Balkan Basket » an Bulgarien. Eng besonneg Erfarung fir de jonke Spiller vum Black Star Miersch: „Déi 10 Deeg déi ech wäert hei sinn eng super Erfarung fir mat europäeschen Topspiller ze trainéieren an si och außerhalb vum Terrain ze gesinn. Et ass flott ze gesinn, dass ech um Training eigentlech gutt mathalen kann, dat gëtt mir enorm vill Confiance fir d’Zukunft. Mir hunn 2 Mol den Dag Baskettraining an 1 mol Athletiktraining, et gefällt mer wirklech enorm gutt hei.”

Par FLBB , le 04/08/2020 à 22:29