D’FLBB an Trauer

D’FLBB an dei ganz lëtzebuergesch Basketsfamill ass bestierzt iwwer den trageschen Doud vum

Alain Marchetti

laangjärege Spiller a Coach vun der Amicale Steesel
Spiller a verschiddenen Nationalkaderen vun der FLBB

Den Alain war en engagéierten an dynamesche Spiller a Coach an hien huet vill Kanner a Jugendlecher mat senger Begeeschterung fir de Basketball ugestach.

Hien verdéngt e grousse Merci vun eis all fir séin Dévouement a séin Asatz, an och wann hien eng eidel Plaatz hannerléisst déi net wierklech opzefëllen ass, sou behält hien ganz sécher seng Plaatz an der Erënnerung vun alle Frënn vum Basketball.

De Comité Central vun der FLBB, well am Numm vun hinnen all, dem Alain senger Fra, sengem Papp an sengem Brudder, senger ganzer Famill, senge Frënn an sengem Steeseler Klub sei Matgefill ausdrécken.

Par FLBB , le 15/06/2007 à 14:15