Diederich: „De Momentum ass kloer bei de Pikes“

Bei den Hären stinn sech an der Coque um Samschden de Basket Esch an d’Musel Pikes an Sonnden Résidence Walfer (+10) an d’Etzella Ettelbreck géintiwwer.

De Nationaltrainer Ken Diederich, deen mat senger Ekipp (T71) an der 1/4-Finall vun Résidence Walfer erausgehäit gouf, analyséiert d’Matcher fir eis:

Basket Esch – Musel Pikes
KD: „Am Moment gesäit et esou aus, wéi wann d’Musel Pikes de liichte Favorit wieren. No de leschte staarke Wochen an 9 Victoiren noeneen ginn si mam Momentum an de Match! Esch huet de Moment kee gudde Laaf, de Ben (Kovac) kann net trainéieren wéinst der Arméi an si hunn 4 Matcher vun de leschte 5 Matcher verluer. Pikes hunn ausserdeem an der Coque mat hirer Gréisst enorm Virdeeler, de Luka Buntic wäert do enorm vill hëllefen, zemools wann si hir Zone spillen. Esch war dominant am Ufank vun der Saison, mee de Moment sinn d’Pikes déi bescht Ekipp am Land. Esch kann awer sécherlech och gewannen, wann si hire Basket duerchgezunn kréien.“

Résidence (+10) – Etzella
KD: „Etzella huet als Doublé-Gewënner bis elo keng sou gutt Saison gespillt, mee trotzdeem kënne se nach ëmmer déi 2 Titelen gewannen. Si hunn zwar schonn vill gewiesselt wat Profispiller betrëfft, mee hir Lëtzebuerger Spiller sinn exzellent an Qualitéit am Kader ass héich. Et ass awer de Moment eng Iwwerraschung, wéi d’Etzella optrëtt, do huet an de leschte Wochen Konstanz gefeelt. Walfer kënnt mat voller Confiance an de Match. Si spille mam Xavier Francois an der Mëtt an 2 gudden Amerikaner (Bivins, Neal) déi Erfarung hunn, si hunn ganz sécher Chancen an d’Finall ze kommen. Si hunn 10 Punkten Virsprong an sinn ënner dem Kuerf präsent. Dei zwou 1/2-Finallen ginn menger Meenung no ganz spannend.“

De Fraen-Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia huet fir eis d’Dammefinallen analyséiert. Hei kënnt Dir seng Analysen liesen –> Analyse Dziurdzia

Par FLBB , le 29/01/2020 à 07:06