D’LALUX an d’FLBB, eng stark Ekipp!

D’FLBB seet der LALUX gäer Merci fir daat geschenkten Vertrauen an d’Wéiderféieren vun enger längjähreger Collaboratioun.

Zanter der Grënnung vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun stinn sou munch Partner hier zu Säit. La Luxembourgeoise, haut zu Daags méi bekannt ënnert LALUX Assurances, bestätegt op een Neits hiert Engagement géigeniwwer der FLBB.

D’Basketfederatioun ass frou an houfreg, an sou schwéieren Zäiten, kennen op säin staarke Partner ze zielen an weiderhin zesummen eng staark Ekipp ze bilden.

D’Engagement vun der LALUX ass een wichtegen Bestanddeel vum gudde Fonctionnement vun der Federatioun an der Gestioun vun de Championnater an dem Encadrement vun den Nationalkaderen.

Selbstverständlech wäerten d’Verflichtungen an d’Ënnerstëtzung vun der FLBB géigeniwwer der LALUX net feelen. Op weider flott Joren Zesummenaarbecht.

De Basket zu Lëtzebuerg kennt no vir an wäert weider no vir kommen…
D’LALUX dréit fir e groussen Deel dozou bei!
Mir soen Villmools Merci!

Par FLBB , le 09/06/2020 à 16:52