D’Lena Hetto an de Chris Dentzer verstäerken de Büro vun der FLBB

D’Lëtzebuerger Basketballfederatioun huet mam Chris Dentzer an Lena Hetto 2 néi Mataarbechter agestallt, si hunn an hirer néier Aufgab den 1. September ugefaang. De Chris Dentzer iwwerhëlt d’Aufgab vum « secrétaire général », d’Lena Hetto gëtt néi “employée administrative ».

Fir de Chris Dentzer wäert et d’Aufgab sinn „en lien tëscht dem CA an dem Büro hierzestellen, virun allem um Niveau Kommunikatioun an Transparenz, waat zu engem vun den gréissten Problemer zielt. Fir dat ze maachen, muss ech an enger éischter Phase kuken fir ze verstoen wéi eng Aufgaben den Büro am Alldaag huet, an wéi eng Aufgaben déi eenzel Léit hunn déi do schaffen. Dofir gëllt et am Ufank mol fir mech, eng Iwwersiicht ze kréien. Gleichzäiteg muss ech kucken, dass déi Projeten an Missiounen, déi am CA decidéiert ginn, herno och vun eis am Bureau emgesaat ginn. Dofir wäert ech reegelméisseg an Kontakt mam CA sinn, bzw aktiv un den CA Reunioun deelhuelen.“

Des néi Aufgab stellt de Chris Dentzer virun eng Erausfuerderung, op déi hien sech freet: „En Haaptchallenge fir mech wärt et am Ufank sinn, fir mech un en neit Emfeld ze gewinnen. Och deen Balance Akt tëscht dem CA an dem Bureau wärt fir mech net emmer einfach sinn, mee glécklecherweis kennen ech den Basket hei zu Letzebuerg relativ gudd, och e puer Leit aus dem Bureau an dem CA kennen ech schon méi lang, sou dass mir déi Transition awer misst schnell gelengen.“

D’Lena Hetto wäert sech haaptsächlech em d’Lizenzen, Prêts an Transferts këmmeren an dofir an direkter Kommunikatioun mat de Clibb stoen.

Par FLBB , le 02/09/2020 à 18:52