D’Reporter-Legend Guy Seyler am Interview

De Guy Seyler ass een vun de bekanntste Gesichter am Lëtzebuerger Basket. Spiller, Trainer, Reporter bei RTL, hien kënnt de Sport aus ville Perspektiven. Am Interview schwätzt hien iwwer vill Themen an erzielt e puer Anekdoten.

Moien Guy. Du hues schonn vill Interviews gemaach an dengem Liewen, wéi oft bass du interviewt ginn?
Nach ni. Zu menger Zäit als Spiller ass et dat nach guernet ginn an och duerno weess ech net wien mech hätt sollen interviewen.

Wéi eng Roll spillt de Basket aktuell an dengem Liewen?
Ech sinn amgaangen mech zeréckzezéien mee de Basket ass an war ëmmer wichteg. Ech soen ëmmer de Basket ass dat eenzeg wat ech konnt. Ech war Spiller, Trainer an sinn duerno bei de Radio komm wéinst dem Basket, de Sport huet deemno eng grouss Roll an mengem Liewen gespillt.

Du sees du bass amgaangen dech lues an lues zeréckzezéien. Wéi kennt et dozou an wéi gesäit et dann an Zukunft aus?
Et kann een dat jo net éiweg maachen an et muss een och wëssen wéini de Moment ass fir méi lues ze maachen an deen ass elo do. Virun 2 Joer huet de Ben Kovac mech nom Match an engem Interview gedirzt, dunn hunn ech mer geduecht dass wann aus dem Guy elo den Herr Seyler gëtt dann gesäis de wéi al dass de bass. Natierlech spillt et och eng Roll, dass een deene jonke Reporter muss an well eng Chance ginn, mir hunn talentéiert Leit beim Radio an déi sollen dat elo iwwerhuelen. Ech wëll och net gesot kréien wisou deen « Alen » dann nach ëmmer do ass. Ech hat eigentlech schonn des Saison gesot dass ech keng Live-Reportagen maachen, just am Noutfall sinn ech nach .
agesprong. Leider kann ech och soen, dass ech zum Beispill zu Walfer an enger Ekipp gespillt hunn, wou déi meescht Spiller elo schonn (méi laang) dout sinn, an déi waren bal all méi jonk wei ech, an dann seet een sech natierlech och dass et vläicht Zäit gëtt fir méi lues ze maachen.

Du hues Reportagen (z.B de Rebound) gemaach, Matcher live kommentéiert oder Interviews gemaach, wat huet am meeschte Spaass gemaach?
Ech war schonn als Jugendlechen vum Radio faszinéiert an wéi ech dunn d’Chance krut war ech enorm frou. 1989 hunn de Jang (Mathes) an ech ugefaang an mir hunn eng Basketemissioun gemaach, dat war eng nei Iddi, déi ass enorm gutt ukomm an dat war och doduerch ganz flott. Matcher live kommentéieren an duerno Interview ze maachen huet mir am meeschten Spaass gemaach iwwer all déi Joren. D’Spiller waren ganz frou wéi mir mat de Reportagen ugefaang hunn an et gouf keng Schwieregkeeten deemools, eréicht vill méi spéit huet et ugefaangen dass Spiller zum Beispill keng Interviews méi ginn hunn.Wéi ech 1989 ugefang hunn, hat ech vill Spiller sëlwer virdrun trainéiert, doduerch war den Ufank net schwéier.


Et war ëmmer de Jang an de Guy, duerno hues du elleng wéider gemaach.

Mir hunn duerch Zoufall zesumme ugefaang bei RTL, obwuel mer eis schonn gutt kannt hunn. Mir hunn eis direkt immens gutt verstan an eis gutt ergänzt, de gemeinsamen Humor hunn mer och. Wéi mer op 70 Joer zougaangen sinn huet de Jang gesot dass hien ophält. Meng éischt Reaktioun war fir mat opzehalen, mee ech sinn awer nach e bëssen dobäi bliwwen. Ech ginn net méi oft op den Terrain an schaffen éischter am Hannergrond fir d’Redaktioun.

Du bass säit ville Joren am Basket aktiv, wat sinn Haaptsaachen déi geännert hunn?
Wann een de Basket vergläicht mat der Zäit wou ech gespillt hunn, dann huet et enorm geännert. Et ass haut vill méi physesch, technesch vill besser an taktesch natirlech och op engem ganz anere Niveau, och well forméiert Traineren aktiv sinn. Mir hunn deemools 2 oder vläicht 3 mol d’Woch trainéiert, haut gëtt vill méi trainéiert, de Basket huet eng enorm Evoluatioun matgemaach.

Wéi ass de Basket denger Meenung no an der nationaler Press vertrueden?
De Fussball ass natierlech kloer Nummer 1, mee de Basket ass awer och ganz present. D’Leit déi Artikel schreiwen sinn motivéiert an kënnen sech aus, doduerch kënnt de Basket am Verglach mat anere Sportaarten gutt ewech.

Wat waren déi flottsten awer och déi sportlech beschte Matcher déis du gesinn hues als Reporter?
Wann den INS bis op déi leschte Platz besat war, dat war eng besonnesch Atmosphär an fir mech sinn dat mat déi schéinsten Erënnerungen. Ech kann mech erënneren wéi Contern als Veräin aus der Nationale 2 d’Coupe gewonn huet, dat waren Matcher déi duerch d’Ambiance eenzegaarteg waren. Ech kann mech och un e Match zu Miersch erënneren an deem de Patrick Arendt an leschter Sekonn en Dräier aus der eegener Hallschent getraff huet fir de Match ze gewannen, dat huet mech matgerappt. De beschte Niveau waren d’Finallen tëschent Steesel an Diddeléng am Joer 2016/17/18, do waren enorm gutt Amerikaner um Terrain an och déi beschte Lëtzebuerger Spiller hunn an den 2 Veräiner gespillt. Och d’Musel Pikes waren an deene Joren ganz staark mat Profispiller wéi dem Jarmar Gulley.

Déi Veräiner konnten sech och déi beschte Lëtzebuerger Spiller leeschten.
Jo. Ech verstinn och dass wann een 5 mol d’Woch trainéiert, dass een dann eng kleng Entschiedegung kritt. Allerdéngs kritiséieren ech dass et momentan esou ass dass duerchschnëttlech Spiller direkt 700 Euro an en Auto kréien. Et misst och nach heiansdo eng Freed an Éier sinn fir kënnen an enger Ekipp an der beschter Liga ze spillen.

Gëtt et een Spiller deens du am léiwsten interviewt hues?
Do kann ech mat enger Anekdot ufänken. Mir hunn deemools e Konzept ausgeschafft fir de Rebound an eise Chefredakter huet eis dovun ofgeroden e « Sproch vun der Woch » ze maachen, well mer do séier näicht méi géifen hunn. De Géigendeel war awer de Fall, och well Spiller matgemaach hunn. Een deen sech do ëmmer Méi ginn huet war de Gilles Becker, deen sech dann oft Méi ginn huet fir eppes Extraes ze soen.
Wéi hien eng Kéier Coupe Finall gewonn hat huet hien gesot dass déi 2 vun der « muppets show » nees falsch getippt hunn. Dunn hunn ech mech eng Kéier méi spéit revanchéiert. Hien hat 2 Wochen virun engem Match op deem ech war verletzt gefeelt, nom Match sot ech zu him: „Ech hunn dech virun 14 Deeg besser fonnt. » Hien sot dunn: „Do hunn ech guernet gespillt » an ech sot: „majo eben ».

Eng Kéier hate mer e Sproch vun der Woch iwwer de Michael Jordan. Mir soten hien géif elo op Walfer spillen goen, well hien emol eng Kéier 3 Méint näischt mat Basket wëll ze dinn hunn. D’Leit sinn ni rosen ginn, alles gouf mat Humor opgeholl, dat huet d’Reportagen och ausgemaach.

Par FLBB , le 11/07/2021 à 23:18