Duebele Spilldag des Woch, Entscheedungen an der Titelgrupp um Programm

Des Woch steet en duebele Spilldag bei den Hären an der Titelgrupp an och an der Op- an Ofstigsgrupp um Programm. An der Titelgrupp sinn et schonn déi lescht 2 Spilldeeg, dofir falen d’Entscheedungen!

Schonn gewosst ass dass d’Musel Pikes an de Basket Esch direkt an der 1/2-Finall stinn, d’Fro ass nach op d’Pikes déi 1. Plaz verdeedegen kennen, eng Victoire aus de leschten 2 Matcher geet der Ekipp duer. Um Sonnden spillen déi 2 Ekippen am direkten Duell géinteneen, jee nodeem wei d’Matcher an der Woch ausginn huet dee Match awer keng Bedeitung méi.

Méi spannend ass d’Fro, wei eng Ekippen sech Heemvirdeel fir 1/4-Finallen kennen sécheren. Momentan stinn d’Etzella an den T71 op de Plazen 3 an 4, béid Ekippen mussen awer noleeën, fir des Plazen ze verdeedegen. Hiefenech (1 Punkt Réckstand op déi 2 Konkurrenten) an de Racing waarden op eng Néierlag, fir eventuell nach laanschtzéien ze kennen. Et waart deemno eng ustrengend Woch op déi 6 Veräiner.

Um Dënschden spillt de Racing géint d’Musel Pikes, em 20:30 Auer am Tramsschapp.

An der Op- an Ofstigsgrupp stinn nach 11 Spilldeeg um Programm, an awer sinn schonn e puer Virentscheedungen gefall. Sparta kann schonn fest fir Total League 2020/2021 plangen, d’Ekipp huet e Virsprong vun 4 Punkten op eng Ofstigsplaz. An der Opstigsgrupp huet den Telstar Hesper schonn e Virsprong vun 3 Punkten op Zolwer.

Um Dënschdes spillt d’Sparta géint Telstar am Centre Atert.

Am Kalenner fannt Dir all Matcher, Statistiken an Resultater –> CALENDRIER_MATCHER

Foto: Ray Hoffmann

Par FLBB , le 02/03/2020 à 23:53