Eckdaten fir d’Saison 2020/21

D’Basketsaison 2020/21 steet kurz virun der Diir. Et ass sécherlech eng speziell Zäit, mee och den Ekippesport probéiert lues an lues zur Normalitéit zeréck ze kommen. Mir kucken op d’Eckdaten vun der Saison, déi all Basketfan sech kann am Kalenner ennersträichen:

1) Start vun der Saison: Weekend vum 25. – 27. September.
2) Lännermatcher Hären: 21. – 29. November an 13. – 21 Februar
3) Finall Coupe FLBB (Dammen an Hären): 29. Januar
4) 1/2-Finallen Coupe de Luxembourg (Dammen an Hären): 30. + 31. Januar
5) Finall Coupe de Luxembourg (Dammen an Hären): 13. März
6) Start Play-offs (Hären): 27. Februar
7) Start Play-offs (Dammen): 20. März
8) Coupe Finallen vun der Jugend: 15. + 16. Mee

*) 9. + 17. Dezember: Eurocup-Matcher vum Gréngewald Hueschtert

Datummer vun der Coupe (Dammen an Hären) am Iwwerbléck:
1/16-Finallen: 14. + 15. Oktober
1/8-Finallen: 4. + 5. November
1/4-Finallen: 9. + 10. Dezember
1/2-Finallen: 30. + 31. Januar
Finallen: 13. März

De Kalänner vun der Saison am Iwwerbléck –>

De Kalenner fir d’Saison 2020/21

Par FLBB , le 07/09/2020 à 22:09