Estland Exchange

Game 2: EST – LUX 53-49

Och am zweete Match géint Géignerinnen aus Estland konnt eng Néierlag leider net verhënnert ginn. D'Meedercher si besser an de Match gestart wéi am 1.Match a gewannen den éischte Véierel mat 9-16. Dono hunn sech awer erëm déi bekannte Schwieregkeeten ageschlach an duerch ze vill einfach Ballverloschter sinn Estinnen erëm an de Match komm. Sou gouf zum Stand vu 25-23 d'Säite gewiesselt. D'Meedercher hate Problemer den Rebound sou ze kontrolléiere wéi am Match virdrun. Wou se dee gëschter nach mat 41-47 konnte gewannen sou hunn se haut 16 Rebounds manner geholl wéi hier Géignerinnen. Besonnesch déi 23 offensiv Rebounds déi se den Estinnen zougestanen hunn, sinn a Gewiicht gefall. Och wann eng kleng Reaktioun am 3.Véierel komm ass an deen nach mat 12-15 konnt gewonne ginn, sou ass den Effort vun eise Léiwinnen awer net konstant genuch gewiescht. Ënnert dem Kuerf kruten se sech net duerchgesat an ze vill onforcéiert Ballverloschter hunn den Ënnerscheed gemaach. Schlussendlech ass et dunn net duer gaangen a Meedercher verléieren hire leschte Virbereedungsmatch mat 53-49 géint Estinnen déi awer duerchaus ze schloe sinn.

Elo heescht et ee positive Fazit vun dëse spannende Matcher mat heem ze huelen. Un der Astellung an dem Zesummenhalt vun der Equipe gëtt et op jiddefalls näischt auszesetzen. Den Austausch war gutt organiséiert a Spillerinne sinn em wichteg Erfarunge méi räich ginn. 

Doheem gëtt elo nach zwee mol trainéiert éiert et den Dënschden op Skopje geet. An der Gruppephase waarden dann Equippen aus Island, Israel, Griicheland a Schweden op Meedercher encadréiert vum Jérôme Altmann.

Fir Lëtzebuerg huet gespillt:

Sowa 9, Baum 5, Beslija, Nilles 4, Scaillet 4, Olsen 14, Chaumont 3, Siebenaler, De Rond 9, Van den Berg, Mores, Kohll 1.

Par FLBB , le 12/08/2017 à 05:03