Et kënnt nach emol Beweegung an d’Decisiounen ëm den Op- an Ofstig

RTL-Informatiounen no sinn déi Responsabel vun der FLBB bereet den Dialog mat de Veräiner ze sichen. De Samy Picard sicht de Kontakt mat de Veräiner.

Et geet drëm eng Léisung am Sënn vum Fair Play a vum Basket fir déi nächst Saison ze fannen. De Vize-President Samy Picard hëlt vun dësem Dënschdeg u Kontakt mat den 20 Clibb aus der Nationale 1 an Nationale 2 op.

D’Basketfederatioun hat jo de leschten Donneschdeg matgedeelt datt d’Saison esou géif gewäert ginn wéi Tabell beim Ofbroch war, an war domat bei de concernéierten Clibb op ferm Kritik gestouss.

Och wat d’Coupe Finalle ugeet soll eisen Informatiounen no eng Léisung mat de 4 betraffene Clibb, Musel Pikes an Etzella bei den Hären an Gréngewald an Esch bei den Dammen, fonnt ginn.

Artikel rtl.lu –> Artikel_RTL.lu

Par FLBB , le 31/03/2020 à 11:33