Eurocup: Fir de Gréngewald geet et an d’Belsch

Um Méinden-Moien gouf ausgeloust, géint wien de Gréngewald Hueschtert an der Qualironn vum Eurocup spillt. Um Enn gouf Namur (Basket Namur Capitale) aus der Belsch als Géigner fir de Gréngewald geloust, d’Ekipp war lescht Saison 3. an der éischter Belscher Liga.

Den éischte Match vun der Qualironn gëtt zu Lëtzebuerg gespillt (24.09), de Réckmatch dann an der Belsch (1.10)

D’Ekipp vum Trainer Hermann Paar kéint sech deemno fir den Eurocup qualifizéieren, geet awer als kloren Außenseiter an des KO-Matcher géint eng Topekipp aus eisem Nopeschland.

Par FLBB , le 17/08/2020 à 10:17