Ex-Nationalspiller Majerus zitt e Schlussstréch ënner d’Karriär

De Laurent Majerus (30) zitt e Schlussstréch ënner déi aktiv Basketballkarriär. Hien war bei 4 Clibb aktiv an och an der Nationalekipp vun den Hären. 2009 huet hien an senger éischter Saison bei den Hären den Titel mat Contern gewonn.

Dem Ex-Nationalspiller seng Statiounen:
1997-2011 AB Contern
2012-2015 Musel Pikes
2015-2018 BBC Gréngewald
2018-2020 T71 Diddeleng

Message vum Laurent:
„Déi lescht 2 Joer zu Diddeleng hat ech Top-Trainer souwéi héichklasseg
Matspiller, déi dobäi och nach vill méi sympathesch sinn wéi ee mengt.
Donieft hunn ech dierfen ganz uewen matspillen. Wann ee sech dann
trotzdeem muss ëmmer rëm motivéiere muss fir an d’Hal ze fueren, ass
d’Leidenschaft einfach net méi grouss genuch an et muss een de Moment
erkennen fir opzehalen.

Ech si frou fir all Wiessel deen ech gema hunn well doduerch hat ech
d’Chance vill genial Leit kennenzeléieren. Ech hunn awer och gesinn
dass et iwwerall Fräiwëlleger ginn, déi de Veräin reegelméisseg droen.
Besonnesch deene Leit zu Contern, op der Musel, bei de Greens a beim
T71 géing ech gär Merci soen.“

Foto: Robert Straus

Par FLBB , le 14/04/2020 à 17:09