EYBL Stage 2 Czluchów, Polen – Day 3

Game 5

Lëtzebuerg CFBB U16M – BA Tallinn Kalev 63 – 49

(24-10, 12-12, 20-7, 7-20)

 

Am läschten Match vum 2ten Stage vun der EYBL zu Czluchów, hun mir missen fréih Moies um 8h00 Auer géint d'Equipe aus Tallinn (Estland) untrieden.

D'Jongen hun de Match ganz serieux geholl, an hun sech beschtméiglech dorop virbereed. Schliesslech konnten déi Roud Léiwen sëch mat enger Victoire déi éischt Plaatz op dësem Stage sëcheren.

Mat honnert à l'heure hun eis Spiller dësen entscheedenden Match ugefangen, an waren dank enger agressiver Defense an enger gudder Réussite bei hieren Distanzwörf séier mat 9-2 fir. Well d'Intensitéit weider héich gehalen gouf, as den Score bis um Enn vum Véirel op 24-10 geklommen, a konnt am Laaf vum Match suguer bis op eng Differenz vun 28 Punkten klammen.

Alleguer d'Spiller konnten um Terrain zu dëser flotter Victoire baidroen.

De Coaching Staff as am Groussen a Ganzen zefridden mam Optrieden an der Leeschtung vun hierer Equipe. Et konnten vill wichtëg an wertvoll Erfahrungen gesammelt gin, déi eis hoffentlech op eisem weideren Wee an Richtung Europameeschterschaft am Summer ee Schrëtt weider sollten bréngen.

Den nächsten Stage as vum 21.03. – 24.03.2019 zu Riga.

 

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

#4 Pit HANSEN 1, #5 Lenny JONSSON THORSTEINSSON 2, #6 Max LOGELIN 18 (3 Dreier), #8 Jhang MOSSONG 0, #9 Ben URWALD 3 (1 Dreier), #10 Sam STREEF 2, #11 Pietro Nicola BAUSTERT 7, #12 Nicolas TOUSSAINT 2, #13 Damien THILL 12 (2 Dreier), #16 Alain JACOBS 0, #17 Ivor KURESEVIC 14, #18 Matteo LORUSSO 2

Par FLBB , le 21/01/2019 à 09:01