EYBL U16 Men Day 1

Game 1

CFBB Luxembourg – BS Centralnaja 68 -27

Haut de Moien hun mir geint BS Centralnaja, eng russech Equipe vun St. Petersburg gespillt. D'Lëtzebuerger Léiwen sin ganz aggressiv an de Match gestart, an hun vun Ufank un dem Géigner zougesat. Duerch eng aggressiv Defense iwer de ganzen Terrain konnten mir iwer de ganzen Match den Virsprong kontinuéierlech ausbauen, an hun och all Véirel gewonnen.

Ervirzehiewen waren eis Réussite jenseits vun der 3 Punkten Linn (42%), an eis Punkten aus erzwongenen Turnovers (35 Punkten). 

Et war wichteg mat enger Victoire an den Tournoi ze starten. Ausserdem war den Match vun de Moien eng ganz gutt Equipeleeschtung, all Spiller ass demno och zum Asatz komm. 

Leider huet de Ben Urwald sech liescht um Gëneck verletzt, an sain Asatz fir de Metten ass fraglech. De Mëtten spillen mir geint BS Belgorod.

Dës Equipe as Favorit fir den Tournoi ze gewannen, an huet och haut an hierem éischten, Match ganz daitlëch dominéiert.

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

Pit Hansen 10 (3 Draier), Lenny Jonsson Thorsteinsson 8 (2), Max Logelin 5, Jhang Mossong 6, Ben Urwald 6 (2), Sam Streef 0, Pietro Nicolas Baustert 6, Nicolas Toussaint 7 (1), Damien Thill 10, Zino Beslija 0, Ivor Kuresevic 3, Matteo Lorusso 7

 

 

Game 2

BS Belgorod – CFBB Lëtzebuerg: 78 – 36

Haut de Mëtteg haten d'Lëtzebuerger Léiwen hieren erward schwéieren zweeten Match géint BS Belgorod.

D'Equipe aus Russland war eis physësch kloer iwerleen, wat och déi grouss Dominanz am Rebound deelweis erklärt.

Eis Spiller haten op Grond vun där immens aggressiver Spillweis vun de Russen enorm Problemer zou hierem Rhythmus ze fannen.

An der éischter Halschent as den Écart wéint villen Ballverloschter schnell geklommen, an de Géigner krut ënnert dem Kuerf vill ze vill einfach Punkten duerch offensiv Rebounds.

An der zweeter Halschent konnten eis Jongen sech dem héigen Tempo vum Match ëmmer besser upassen, an hun den läschten Véirel matgehalen (14-13).

Trotz där batterer Défaite waren d'Spiller sech nom Match all eenz, dass sou Kompetitiounen sie weiderbréngen, an sie dorauser vill léieren.

Muer stin rëm 2 Matcher um Programm.

Zum engen geet et géint eng ganz stark Heem-Equipe aus Riga, an zum aneren géint eng weider stark russësch Equipe.

D'Roud Léiwen bleiwen motivéiert, an freen sech op déi bevirstehend Aufgaben vu muer.

Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

Pit Hansen 10 (2 Draier), Lenny Jonsson Thorsteinsson 4 (1), Max Logelin 6 (2), Jhang Mossong 0, Ben Urwald DNP, Sam Streef 2, Pietro Nicolas Baustert 4, Nicolas Toussaint 4, Damien Thill 4, Zino Beslija 0, Ivor Kuresevic 2, Matteo Lorusso 0

 

« 

Par FLBB , le 17/11/2018 à 08:50