EYBL U16 Men Day 2 & 3

Day 2

Game 1

CFBB Lëtzebuerg – BS Jugla: 53 – 75

Am éischten Match vum zweeten Daag sin d'Lëtzebuerger Léiwen ganz stark an dës Partie gestart.

Géint déi stark Heem-Equipe aus Riga konnten mir duerch eng aggressiv an ganz variabel Defense déi zwee éischt Véirel fir eis entscheeden. Ëmmer rëm hun d'Jongen et färdeg bruecht, hieren Géigner iwer den ganzen Terrain ze pressen, an sech doduerch einfach Punkten am Fast Break ze sëcheren. Domat hun mir géint dësen Géigner eng ganz gudd éischt Halschent gespillt.

Leider konnten d'Roud Léiwen déi flott Leeschtung an der zweeter Halschent net konfirméieren, an hun suguer zaitweis komplett de Fuedem verluer.

Um Enn steet eng daitlëch Défaite, déi leider déi gudd Usätz aus denen éischten 16 Minuten net méi valoriséiert.

Am zweeten Match vum Daag erward eis ee weideren harden Challenge géint eng individuell stark besaten russësch Equipe vun St. Petersburg. 

Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

Pit Hansen 0, Lenny Jonsson Thorsteinsson 1, Max Logelin 19 (3 Draier), Jhang Mossong 0, Ben Urwald DNP, Sam Streef 0, Pietro Nicolas Baustert 3, Nicolas Toussaint 3, Damien Thill 11 (1 Draier), Zino Beslija 0, Ivor Kuresevic 16, Matteo Lorusso 0

 

Day 3

Game 5

CFBB Lëtzebuerg – Oslo 2003: 50 – 56

Am läschten Match vum éischten Stage vun der EYBL zu Riga, haten d'Lëtzebuerger Léiwen ee klassëschen Fehlstart.

Obschons sie ganz motivéiert waren, an sech och gudd op den Match preparéiert haten, sin sie onkonzentréiert gestart, an hun den éischten Véirel total an de Sand gesat (9-22). No enger klorer Usproch vum Trainer-Staff hun d'Jongen déi erwënschten Reaktioun gewisen, an hun sech am zweeten an drëtten Véirel nees Stéck fir Stéck an dem Match gekämpft. 

No enger starker kämpferëscher Leeschtung besonneg an der Defense, wou mir dem Géigner am drëtten Véirel just 5 Punkten zougeloss hun, konnten mir den Score egaliséieren. 

Et war bis zum Schlusspëff een oppenen Match, an dem d'Norweger um Enn d'Iwerhand behal hun. Trotz enger gudder Leeschtung an den läschten 3 Véirel konnten sech eis Jongen fir hieren Asatz net belounen.

Eng daitlëch Dominanz vum Géigner am Rebound (23-41), an den ugeschwatenen verschlofenen Start, hun et eiser Equipe net erméiglecht hier zweet Victoire ze erspillen.

Trotz alledem as den Coaching-Staff duerchaus zefridden mat dem wat eis Equipe sech konnt erschaffen. Et goufen 5 Matcher op engem starken Niveau gespillt, déi eis individuell an och als Equipe sëcherlëch werten weider bréngen.

Den nächsten Stage vun der EYBL as vum 17.-20. Januar 2019 an Polen.

Fir Lëtzebuerg hu gespillt:

Pit Hansen 1, Lenny Jonsson Thorsteinsson 3 (1 Draier), Max Logelin 9 (1), Jhang Mossong 0, Ben Urwald DNP, Sam Streef DNP, Pietro Nicolas Baustert 0, Nicolas Toussaint 16 (2), Damien Thill 15 (2), Zino Beslija DNP, Ivor Kuresevic 6, Matteo Lorusso 0

 

« 

Par FLBB , le 18/11/2018 à 20:03