EYBL U16 Men Stage 3

Day 1

Game 1

CFBB Lëtzebuerg – BC Tsmoki-Minsk: 43 – 60

(16-15, 7-11, 12-16, 8-18)

Am éischten Match vum éischten Daag sin d'Lëtzebuerger Léiwen gudd an hier Partie gestart, an hun och am éischten Véirel gefouert. Dono hun sie dem Géigner vill ze vill Frairaum gin, an hun d'Spiller aus Minsk net manner wéi 14 mol un d'Fraiworf-Linn gescheckt.

Géint eng stark Equipe aus Minsk konnten d'Spiller aus Lëtzebuerg de Match nach bis zum Enn vum drëtten Véirel equilibréiert gestalten, är dem Géigner den décisiven Laf gelongen as.

Déi vill Turnover an dei zougelossen offensiv Rebounds hun et de Waissrussen erméiglecht de Match um Enn fir sech ze entscheeden.

Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 

it Hansen 2, Lenny Jonsson Thorsteinsson 2, Maxence Musy 2, Jhang Mossong 1, Ben Urwald 3 (1 Draier), Pietro Nicola Baustert 10, Nicolas Toussaint 11, Damien Thill 5 (1 Draier), Alain Jacobs 0, Matteo Lorusso 1, Ivor Kuresevic 6, Finn Reisdorffer 0.

 

Game 2

BC Dynamo – CFBB Lëtzebuerg 60 – 57

(17-21, 15-11, 19-12, 9-13)

Am zweeten Match vum éischten Daag hun d'Spiller aus Lëtzebuerg offensiv ee starken Véirel gespillt. Leider hun sie et verpasst an dem Moment och hieren Ecart méi daitlech auszebauen.

An dëser Partie as et hin an hier gangen, an no 2 Véirel stoung et 32-32 glaich.

Déi Roud Léiwen haten sech vill firgeholl, an wollten sech besonnëg a punkto Rebounds an manner Turnover daitlëch verbesseren.

Dëst as hinnen awer nëmmen deelweis gelongen. Béid Equipen hun sech alles ofverlangt, an sou sollt et och bis zum Schluss spannend bleiwen. 

Souwuel Lëtzebuerg wéi och Dynamo haten um Enn 4 Spiller déi 10 oder méi Punkten markéiert hun. Leider hun mir de Kampf am Rebond knapp verluer, an haten och e puer Turnover méi wéi de Géigner.

Den zweeten Match vun haut war definitiv rëm 1 Schrëtt no fir, awer nach net gudd genuch fir déi Rencontre finalement fir sech ze entscheeden.

Muer geet et um zweeten Daag géint eng russësch Equipe aus Moskau, an och géint eng ganz stark Heem-Equipe aus Riga, déi haut suguer Khimki konnt klappen.

Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 

Pit Hansen 0, Lenny Jonsson Thorsteinsson 2, Maxence Musy 2, Jhang Mossong 2, Ben Urwald 0, Pietro Nicola Baustert 12, Nicolas Toussaint 10, Damien Thill 13 (1 Draier), Alain Jacobs 0, Matteo Lorusso 4 (1 Draier), Ivor Kuresevic 10, Finn Reisdorffer 2.

 

 

Day 2

Game 3

BS CSKA – CFBB Lëtzebuerg: 53 – 61

(11-11, 11-15, 13-16, 18-19)

Den Tournoi, as bis elo ganz physësch gefouert gin, sou dass verschidden vun onsen Spiller schon um éischten Daag mat diversen liischten Blessuren ze kämpfen haten, an de Coaching Staff vill beschäftegt war all d'Spiller fit ze kréien.

Um éischten Match vum zweeten Daag hun eis jonk Léiwen missen géint eng russësch Equipe untrieden. 1 Spiller gouf a dësem Match ganz geschount.

Nom Match hun eis Spiller hier Gedanken iwer dës Rencontre géint BS CSKA sou formuléiert:

"Nodems eis um éischten Daag keng Victoire gelongen ass, war d'Motivation fir den zweeten Daag ëmsou mei heich.

Dofier ass eis och ee gudden Start an den Match gelongen, wou mier eis direkt mat 0 zu 7 oofsetzen konnten. An dësem Match hued eisen Coach vill roteiert, sou dass jiddereen seng Chance krut. 

Nodems mir gëschter puer Problemer géint  Zone Defense haaten,  ass et eis haut zu gudd komm, dass CSKA Man to Man gespillt huet.

Am Verlaaf vum Match hunn mer hinnen ze vill Offensiv Rebounds zougeloss, an éis Energie ass liicht eroofgaang. Trotzdem hun mier nach weider gekämpft, an hun eisen Viirsprong konnten bis zum Schluss verteidegen." (Pit, Maxence, Nicolas, Ben, Finn, Alain)

Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 

Pit Hansen 8, Lenny Jonsson Thorsteinsson 13 (2 Draier), Maxence Musy 3, Jhang Mossong 0, Ben Urwald 0, Pietro Nicola Baustert 7, Nicolas Toussaint DNP, Damien Thill 19 (1 Draier), Alain Jacobs 2, Matteo Lorusso 2, Ivor Kuresevic 7, Finn Reisdorffer 0.

 

Game 4

CFBB Lëtzebuerg – DSN / SPORTA BODE: 47 – 60

(15-15, 12-15, 17-20, 3-10)

Um zweeten Match vum zweeten Daag hun eis Roud Léiwen géint déi ganz stark Heem-Equipe aus Riga missen untrieden.

Dës Equipe hat bis elo kee Match verluer, an gëlt als Favorit dësen Stage, an eventuell dës Divisioun ze gewannen.

Och zu dësem Match hun sëch eis Spiller sou hier Gedanken gemach:

"Nodems mir eis 1. Victoire geholl hunn, war d‘Motivatioun emsou méi héich eng 2. Victoire geint dei stark equipe DSN ze huelen.

Mir sin doduerch gudd an d'Partie gestart, an waren nom 1. Quarter ausgeglach mat 15-15.

D'Astellung vun den Jongen huet iwer den ganzen Match gestemmt.

Den Match war bis zum Schluss knapp, mee mat der zeit huet eis Energie duerch den physeschen Match ëmmer méi nogeloss. Doduerch konnt DSN den match zum Schluss awer fir sëch entscheeden." (Lenny, Ivor, Pierre, Damien, Jhang, Matteo)

An dësem Match war den Opwand grouss, an d'Spiller aus Lëtzebuerg hun sech een ganz intensiven Kampf um Terrain géint hieren Géigner geliwert.

De Coaching-Staff war mam Asatz vun hieren Jongen zefridden. Och wann een lang op eng Iweraschung gehofft hat, huet een sech dann zum Schluss dach missten geschloen gin.

Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 

Pit Hansen 0, Lenny Jonsson Thorsteinsson 4, Maxence Musy 2, Jhang Mossong (krank), Ben Urwald DNP, Pietro Nicola Baustert 6, Nicolas Toussaint 14 (1 Draier), Damien Thill 8, Alain Jacobs DNP, Matteo Lorusso 4, Ivor Kuresevic 9, Finn Reisdorffer 0.

 

Day 3

Game 5

CFBB Lëtzebuerg – BC Khimki 26 – 64

(5-11, 6-16, 9-16, 6-13)

Am läschten Match vum drëtten Daag, den glaichzaiteg den läschten Match war vun dëser EYBL-Saison, hun d'Spiller aus Lëtzebuerg géint Khimki missen untrieden, déi d'EYBL opder éischter Platz ofschléissen.

D'Equipe aus dem Centre de Formation hat géint dës grouss gewuessen an physësch Equipe aus Russland ee schwéiren Stand, an as hei zaitweis un hier Limiten gestouss.

Alles an allem sin ze vill Bäll am Spillopbau verluer gang, an obwuel een sech vill gudd Chancen erausgespillt huet, as dobai komm, dass een haut och wierklech keng Réussite hat. 

D'Jongen waren deelweis ugeschloen, an de Coaching Staff huet all Spiller eng Chance gin, op dësem héigen Niveau, wichtëg Erfahrungen ze sammelen.

Fir dëse Stage kann een ofschléissend soen, dass all Match immens intensiv war, an et eng Zaitchen gedauert huet, bis een sech op déi kierperlech an usprochsvoll Spillweis vun den russëschen an lettëschen Equipen konnt astellen.

Dës Matcher, hun eis, ganz onofhängeg vum Resultat, sëcher ee Stéck weider bruecht, an d'Spiller sollten fir sëch gemierkt hun, dass sie weider mussen un sech an hierem Spill schaffen, fir hier perséinlech Zieler ze erreschen.

Et bleiwt nach ze soen, dass den CFBB-Lëtzebuerg vun den U16M Jongen dës EYBL-Saison op enger gudder 8ter Platz vun 18 Equipen ofschléisst.

Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 

Pit Hansen 2, Lenny Jonsson Thorsteinsson 0, Maxence Musy 0, Jhang Mossong (krank), Ben Urwald 4 (1 Draier), Pietro Nicola Baustert 3, Nicolas Toussaint 8 (1 Draier), Damien Thill 0, Alain Jacobs 0, Matteo Lorusso 5, Ivor Kuresevic 4, Finn Reisdorffer 0.

Par FLBB , le 25/03/2019 à 08:51