FIBA U16 Women European Championship 2017, Division B

Als lescht Lëtzebuerger Equipe reesen U16 Meedercher op Skopje, der Haaptstad vu Mazedonien. Do konkurréieren se mat 21 aner europäeschen Equipe em den Opstig an A-Divisioun.

Déi zwou Kapitäninnen Tania a Julie, wäerte mat hirer Erfarung vun der EM vum leschte Joer hier Teamkolleginne leeden a mam gudde Beispill virausgoen. Bis op sie zwee waart op déi aner 10 Meedercher een neit Erliefnis op dat se dat ganzt Joer higeschafft hunn.

Iwwert Saison hunn Sie un der EGBL deelgeholl, sech um Dussmann Trophy mat hiren Alterskolleginnen aus Holland an Irland gemooss a lescht Woch hier Virbereedung op engem Echange an Estland ofgeschloss. Meedercher sinn héich motivéiert a freeën sech op den Tournoi. Sie sinn sech bewosst dass keng einfach Matcher op Sie waarde mee Sie wäerten 100% gi fir Lëtzebuerg sou gutt wéi méiglech ze representéieren. Déi rout Léiwinne spillen am éischten Tour mat Schweden, Israel, Island a Griicheland am Grupp C. 

Fir FLBB trieden un: 

#4 – Kim Sowa, Basket Esch

#5 – Joy Baum, Basket Esch

#6 – Chiara Beslija, Résidence Walfer

#7 – Julie Nilles, T71 Diddeleng

#8 – Morgane Scaillet, Résidence Walfer

#9 – Sofie Olsen, Résidence Walfer

#10 – Mara Chaumont, Musel Pikes

#11 – Lis Siebenaler, Sparta Bartreng

#12 – Tanja de Rond, Résidence Walfer

#13 – Marlis van den Berg, Musel Pikes

#14 – Lara Mores, Amicale Steesel

#15 – Camille Kohll, Sparta Bartreng

Head Coach: Jérôme Altmann

Assistant Coach: Liz Schmitz

Kinesitherapeutin: Nina Goedert

 

Meedercher soen och dem Jo Oly, dem Emma Colbach an dem Lara Schmit villmools Merci dass Sie och elo nach während der Vakanz hier Zäit geopfert hunn fir mat hinne matzetrainéieren a Sie sech doduerch optimal op EM virbereede konnten. Och ee grousse Merci geet un Liz Engel wat Sie dëst Joer ëmmer super encadréiert huet an hinne villes bäibruecht huet.

Programm vun der Gruppephase:

17. August um 18.45 Auer Island – Lëtzebuerg

19. August um 12.00 Auer Lëtzebuerg – Griicheland

21. August um 16.30 Auer Schweden – Lëtzebuerg

22. August um 14.15 Auer Lëtzebuerg – Israel

« 

Par FLBB , le 16/08/2017 à 00:45