Finanziell wäerte vill Clibb ze kämpfen hunn

Déi aktuell Kris suergt sportlech fir Stëllstand op der Welt, natierlech och zu Lëtzebuerg, wou schonn säit iwwer engem Mount kee Basketball méi gespillt gëtt. Des Auszäit kéint Clibb och finanziell virun eng schwéier Situatioun stellen, well eventuell Sponsoren ewechfalen oder Eventer net kennen organiséiert ginn.

Verschidde Veräiner sinn och schonn aktiv ginn: Sou hunn beispillsweis d’Musel Pikes Spiller 1000 Euro un de Veräin gespent, Arantia Fiels an och Kordallsteelers hunn en Opruff gemaach fir iwwer de Wee vum “crowdfunding“ Suen eranzekréien (iwwer d’Säit crowdfunder.com kann een gzielt no Clibb sichen). Detailer dozou ginn et an engem Artikel op wort.lu –> Artikel_wort.lu_+_Clubs bitten um Hilfe )

De Clibb bitt sech och wéi gewinnt d’Méiglechkeet iwwer myguichet.lu eng Ufro fir “subsides“ ze maachen, hei gouf d’Frist bis den 30. November verlängert. ( –> Subsides_ufroen ). Et leit dann un der Regierung weider Schrëtt ze ënnerhuelen, fir d’Clibb finanziell ze ënnerstëtzen.

De Sparta-Präsident Frank Arendt huet schonns an engem Message un d’Clibb appelléiert, dass et drëms geet fir an dësem Moment vun der Kris méi wäit ze denken an d’Ausgaben ze iwwerdenken. Jugendaarbecht vun de Clibb dierft op kee Fall an den Hannergrond geroden, vill méi misst een sech Gedanken maachen, opp een zesummen eng Léisung fënnt, fir d’Ausgaben fir Profispiller ze begrenzen, eventuell wier och en Zeréckgoen op 1 Profispiller eng Optioun. (Artikel rtl.lu –> Artikel_rtl.lu_Arendt

Par FLBB , le 17/04/2020 à 13:23