FLBB Camp 2020 gëtt den 19. an 20. September nogeholl!

Leider huet den FLBB Camp 2020 misse verréckelt ginn, elo steet awer e neien Datum fest, fir dësen Event nozehuelen. Den 19. an 20. September kennen all Meedercher an Jongen vun de Joergäng 2006 – 2010 um Camp an der Coque um Kirchbierg deelhuelen, dofir muss een d’Kanner umellen (all Informatiounen stinn um Flyer an um Formulaire).

Zät fir d’Umeldungen lafen bis den 13. September!

Par FLBB , le 11/08/2020 à 15:52